Propan

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Schabloun:Infobox Chimie

Propan ass e gesiedegten, gasfërmege Kuelewaasserstoff aus der Famill vun den Alkanen, deen an de Pëtrolsraffinerien aus Äerdgas hiergestallt gëtt.

Physikalesch Eegenschaften

Propan ass e Gas ouni Faarf a Geroch[1]. Am Waasser ass e schlecht léislech, dogéint léist e sech gutt am Ether an am Benzol op. En ass méi schwéier wéi Loft, seng Dicht läit bei 2,01 g/l. Propan ass liicht ze verflëssegen a kann ënner Drock a Gasfläschen transportéiert ginn[1].

Cheemesch Eegenschaften

Propan brennt un der Loft ouni vill Réckstänn. Mat Sauerstoff gemëscht kann en explodéieren. Bei der Verbrennung entsteet Kuelendioxid a Waasser[1].

C3H8+5O23CO2+4H2O

Duerch Substitutioun mat Chlor a mam Brom forméiert en nei Produiten[1].

3D-Modell vum Propan

Auswierkungen op d'Gesondheet

Flëssege Propan kann op der Haut zu Erfréierunge féieren. Doriwwer eraus wierkt Propan narkotiséierend a kann duerch Anotmen e plëtzlechen Doud verursaachen.

Uwendung

Bei engem Drock vun 30 bar kënnt en a Gasfläschen a gëtt an de Stéit, an de Laboratoiren an an der Industrie als Brennstoff benotzt. E gëtt a Form vu Flësseggas benotzt. Dëst Gasgemësch besteet aus 95 % Propan a klengen Undeeler u Butan, Ethan, Ethylen an Isobutan. Gasfläsche mat Propan sollen op kille Plaze lageren a vu liicht brennbare Materialien ewech bleiwen.

Doriwwer eraus gëtt en als Killmëttel an de Frigoe geholl an ass en Dreifmëttel an de Spraydousen.

An der cheemescher Industrie gouf Propan fréier geholl fir Propylen an Ethylen hierzestellen.

Literatur

  • Éditions A. De Boeck, Bruxelles, 1979, Chimie organique, A. Dessart - J. Jodogne - J. Paul
  • Martindale, The Extra Pharmacopoeia, Thirtieth Edition

Um Spaweck

Schabloun:Commonscat

Schabloun:Referenzen

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Éditions A. De Boeck, Bruxelles, 1979, Chimie organique, A. Dessart - J. Jodogne - J. Paul, S.65