Isobutan

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Schabloun:Infobox Chimie Isobutan oder 2-Methylpropan ass e ramifiéierte Kuelewaasserstoff, deen zu den Alkane gehéiert. D'Famill vun de Butane besteet aus zwéin Isomeren, dem n-Butan an dem Isobutan.

Physikalesch Eegenschaften

Isobutan huet keng Faarf a kee Geroch. En ass ganz liicht ze verflëssege wéinst sengem héije Kachpunkt. E gëtt dofir mat wéineg Drock ënner flësseger Form a Gasfläschen transportéiert.

Cheemesch Eegenschaften

Isobutan brennt un der Loft. Mam Sauerstoff gemëscht ass en explosiv. Bei der Verbrennung entsteet Kuelendioxid a Waasser.

2C4H10+13O28CO2+10H2O

Mat den Halogenen Chlor a Brom forméiert den Isobutan Substitutiounsproduiten.

Virkommen

Isobutan kënnt am Äerdgas an am Pëtrol vir. Donieft entsteet en an de Raffinerien a beim Cracking.

Uwendung

Isobutan ass ee vun den Haaptbestanddeeler vum Flësseggas. E gëtt an Drockfläsche gelagert a mam Butan gemëscht als Brennes benotzt. Gasfläsche mat Isobutan sollen op kille Plaze lageren a vu liichtentzündlechem Material ewechbleiwen. An der Chimie gëtt Isobutan geholl fir Alkylatbenzin hierzestellen.

Auswierkungen op d'Gesondheet

A groussen Dose wierkt Isobutan narkotesch.

Literatur

  • Éditions A. De Boeck, Bruxelles, 1979, Chimie organique, A. Dessart - J. Jodogne - J. Paul