Ethan

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Schabloun:Infobox Chimie

Ethan (oder Äthan) ass e gesiedegte Kuelewaasserstoff aus der Famill vun den Alkanen. E kënnt am Sumpfgas, Äerdgas an an de Raffinerie- a Kokereigaser vir. Ethan ass e Bestanddeel vun de Brenngaser.

Physikalesch Eegenschaften

Ethan ass bei 25 °C an 1013 hPa am gasfërmegen Zoustand an en huet kee Geroch a keng Faarf. En ass méi schwéier wéi Loft, seng Dicht läit bei 1,36 g/l. Ethan léist sech schlecht am Waasser, dofir awer ass en am Benzol gutt léislech. Wéi de Methan, ass och den Ethan schwéier ze verflëssegen, wéinst sengem nidderege Kachpunkt.

Cheemesch Eegenschaften

Ethan ass liicht brennbar a kann, mat Sauerstoff gemëscht, explodéieren. E brennt mat enger schwacher Flam. Bei der Verbrennung vum Ethan entsteet, wéi bei all Alkan, Waasser a Kuelendioxid[1].

2C2H6+7O24CO2+6H2O

Ethan bilt mat Chlor a mat Brom duerch Substitutioun nei Produkter. Déi wichtegst sinn déi chloréiert Substitutiounsprodukter wéi de Monochlorethan, den Dichlorethan, den Trichlorethan, den Tetrachlorethan, de Pentachlorethan a den Hexachlorethan.

C2H6+X2C2H5X+HX

Produktioun vum Ethan

Am Laboratoire:

Ethan kann een duerch Elektrolys vun enger konzentréierter Natriumacetat-Léisung hierstellen. Dobäi entsteet un der Kathod Waasserstoff an un der Anod Ethan a Kuelendioxid.

Eng aner Méiglechkeet ass d'Wurtz-Reaktioun. Mat Monochloromethan a Natrium léisst sech Ethan gutt hierstellen[1].

2CH3Cl+NaC2H6+HCl

Eng drëtt Method besteet doran, Natriumpropanoat mat Natriumhydroxid ze hëtzen.

An der Industrie: Aus Äerdgas kann een Ethan industriell hierstellen. Aner Methode sinn d'Pëtrolhydréierung an d'Kuelenhydréierung.

Uwendung

An der cheemescher Industrie gëtt Ethan bei der Ethenproduktioun benotzt. Eng Method dofir ass de Cracking. Bei 500 °C bis 1000 °C gëtt den Ethan an Ethen an a Waasserstoff ëmgewandelt.

Literatur

  • Éditions A. De Boeck, Bruxelles, 1979, Chimie organique, A. Dessart - J. Jodogne - J. Paul

Um Spaweck

Schabloun:Commonscat

Schabloun:Referenzen

  1. 1,0 1,1 Éditions A. De Boeck, Bruxelles, 1979, Chimie organique, A. Dessart - J. Jodogne - J. Paul, S.64-65