Benzol

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Schabloun:Infobox Chimie

Benzol oder Cyclohexen (fr.: benzène) ass en ongesiedegten, rankfërmege Kuelewaasserstoff mat dräi duebele Bindungen an ass de Basisprodukt vun den aromatesche Verbindungen.

Physikalesch Eegenschaften

Benzol ass eng flüchteg, duerchsiichteg a beweeglech Flëssegkeet mat engem aromatesche Geroch. En ass léislech am Alkohol an am Ether, mä net am Waasser an e brécht d'Liicht.

Cheemesch Eegenschaften

Verbrennung

Benzol ass liicht entzündlech a seng Dämp forméiere mat Sauerstoff gemëscht en explosiivt Gasgemësch.

2 C6H6+15 O2  12 CO2+6 H2O

Oxydatioun

Benzol gëtt net vun de gewéinlechen Oxydante KMnO4 oder K2Cr2O7 ugegraff. Mä mat vill Hëtzt an engem Katalysator reagéiert de Benzol mam Sauerstoff a verwandelt sech a Phenol.

2 C6H6+O2  2 C6H5OH

Substitutioun

Mam Chlor forméiert Benzol eng ganz Rëtsch vu stabille, chloréierte Produiten: C6H5Cl, C6H4Cl2, C6H3Cl3, C6H2Cl4, C6HCl5, C6Cl6
Déi Reaktioune gi mat Iod katalyséiert.

Additioun

Mat Liicht reagéiert Benzol mam Chlor a verwandelt sech an Hexachlorocyclohexan, deen awer net stabil ass. Aneschters wéi bei der Substitutioun ginn hei déi dräi duebel Liaisounen zerstéiert an all H-Atom gëtt duerch e Cl-Atom ersat.

Reaktioun mam Chlor bei der Substitution
Reaktioun mam Chlor bei der Additioun

Hierstellung

Benzol gëtt duerch Distillatioun vum Godrong hiergestallt an aus dem Pëtrol extrahéiert. De franséische Cheemiker Marcellin Berthelot huet et fäerdegbruecht duerch d'Hëtze vun Acetylen ënner Drock a mat Hëllef vu Katalysatore Benzol ze produzéieren.

Uwendung

Benzol ass e Léisungsmëttel fir ganz vill cheemesch Produite wéi zum Beispill Iod, Schwiefel a Phosphor. Donieft gëtt e nach geholl fir Kautschuk a Fetter opzeléisen. E soll a loftdichte Behältere gelagert ginn.

Um Spaweck

Schabloun:Commonscat