Rank (Algeber)

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

E Rank ass an der Mathematik, méi genee an der Algeber, eng algebresch Struktur, déi d'Additioun an d'Multiplikatioun vun de ganzen Zuelen generaliséiert. All Kierper ass e Rank, mä an engem Rank muss et keng multiplikativ Inversë ginn an d'Multiplikatioun muss net kommutéieren.

Definitioun

E Rank ass en Ensembel R mat zwou Operatiounen, + (Additioun) an (Multiplikatioun), déi follgend Axiomer erfëllen:

  • (R,+) ass eng kommutativ Grupp, d. h.:
    • D'Additioun ass assoziativ: (a+b)+c=a+(b+c) fir all a, b, cR.
    • Et gëtt en Element 0R, soudass 0+a=a+0=a fir all aR.
    • Et gëtt additiv Inversen: Fir all aR existéiert aR, soudass a+(a)=(a)+a=0.
    • D'Additioun ass kommutativ: a+b=b+a fir all a, bR.
  • (R,) ass e Monoid, d. h.:
    • D'Multiplikatioun ass assoziativ: (ab)c=a(bc) fir all a, b, cR.
    • Et gëtt en Element 1R, soudass 1a=a1=a fir all aR.
  • D'Multiplikatioun ass distributiv vis-a-vis vun der Additioun, d. h.:
    • a(b+c)=ab+ac fir all a, b, cR.
    • (b+c)a=ba+ca fir all a, b, cR.

Wann d'Multiplikatioun och kommutativ ass, d. h. wann zousätzlech ab=ba fir all a, bR gëllt, nennt een R e kommutative Rank.

Beispiller

De Prototyp vun engem (kommutative) Rank ass (,+,), also den Ensembel vun de ganzen Zuelen mat der üblecher Additioun a Multiplikatioun.

All d'Kierper, z. B. , an , si kommutativ Réng.

Fir e kommutative Rank R beschreift R[X] de kommutative Rank vun alle Polynomen iwwer R.

Konzepter

En Ënnerrank S vun engem Rank R ass e Sousensembel SR, dee selwer e Rank ass mat der selwechter Additioun, Multiplikatioun a multiplikativer Identitéit.

Kuckt och