Grupp (Algeber)

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Schabloun:SkizzMathe Eng Grupp ass an der Algeber eng algebresch Struktur, déi Symmetrien a reversibel Transformatiounen duerstellt.

Definitioun

Eng Grupp ass eng Koppel (G,) vun engem net eidelen Ensembel G an enger binärer Operatioun op G

:{G×GG,(a,b)ab,

déi follgend Axiomer erfëllt:

  • Fir all a, b, cG gëllt:
          (ab)c=a(bc).[1]
(Assoziativitéit)
(Existenz vum neutralen Element)
  • Fir all aG existéiert en inverst Element a1G mat
          aa1=a1a=e.[3]
(Existenz vum inversen Element)

Eng Grupp ass also e Monoid, an deem all Element en Inverse huet.

Abelsch Gruppen

Eng Grupp heescht abelsch oder och kommutativ, wa se zousätzlech zu den uewe genannten Axiomer nach déi follgend Bedéngung erfëllt:

  • a, bG gëllt:
          ab=ba.
(Kommutativitéit)

Am anere Fall, d. h. wann et Elementer a, bG gëtt mat abba, gëtt d'Grupp net-abelsch respektiv net-kommutativ genannt.

Kuckt och

Schabloun:Notten

  1. Dowéinst kann een d'Klamere fortloossen: abc:=(ab)c.
  2. Dat neutraalt Element ass automatesch eendeiteg, well wann f en neutraalt Element ass, da gëllt f=fe=e.
  3. Den Inverse ass och eendeiteg, well wa b en Inverse vun a ass, dann ass b=be=b(aa1)=(ba)a1=ea1=a1.