Kepler-32
| Kepler-32 | |
| Stärebild: | Schabloun:Cygnus |
| Daten | |
| Equinoxe | J2000.0 |
| Rektaszensioun | 19Schabloun:H 51Schabloun:M 22,18Schabloun:S |
| Deklinatioun | + 46° 34' 27,4" |
| visuell Magnitude | 16,0 mag |
| Spektralklass: | M1V |
| Astrometrie | |
| Radialvitess: | -32,5 ± 0,5 km/s |
| Parallax: | ? |
| Distanz | 303 ± 14 PC |
| Liichtkraaft | ? mag |
| Physikalesch Eegenschaften | |
| Mass: | 0,54 ± 0,02 M☉ |
| Radius: | 0,53 ± 0,02 R☉ |
| Metallizitéit: | -0,01 ± 0,09 |
| Uewerflächentemperatur | 3.793+80−74 K |
| Alter | >2 Milliarden |
| Aner Bezeechnungen | |
| KIC | KIC 9787239 |
| KOI | KOI-952 |
| 2MASS | J19512217+4634273 |
| Weider Katalogen | WISE J195122.14+463427.5 |
De Kepler-32 ass e rouden Zwerg am Stärebild Cygnus. Hie läit ronn 988 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech. De Stär huet e Planéitesystem mat fënnef bekannten Exoplanéiten. De Kepler-32 ass wéi all Rout Zwergen däitlech méi kleng a méi liichtschwaach wéi eis Sonn. Seng Mass ass ronn 54% vun der Sonnemass a säi Radius huet ronn 53% vum Sonneradius. Seng Uewerflächentemperatur ass ongeféier zwee Drëttel vun der Sonnenuewerflächentemperatur a seng Liichtkraaft huet nëmme 5% vun der Sonneliichtkraaft.
Planéitesystem
Mam Weltraumteleskop Kepler goufe mat der Transitmethod am Joer 2011 ufanks zwéi Planéiten an Ëmlafbunnen ëm de Stär entdeckt, gefollegt vun der Entdeckung vu 3 weidere Planéiten am Joer 2012. All Planéite kreesen ëm hiren Zentralstär op enken Ëmlafbunne an e puer Deeg respektiv Stonnen (beim bannenzege Planéit). Déi béid bannenzeg Planéite Kepler-32f a Kepler-32e hunn e Radius vu jee zirka 0,81 Äerdradien respektiv 1,5 Äerdradien. Déi dräi baussenzeg Planéite Kepler-32b, Kepler-32c, a Kepler-32d hunn dogéint e Radius, deen tëscht 2 an 2,7 Äerdradie läit.
No enger publizéierter Studie vun Enn 2012 sinn d'Planéite warscheinlech a grousser Distanz vum Kepler-32 entstanen, ier si duerch Migratioun hir haiteg Bunnen ageholl hunn. D'Planéite vum Kepler-32 kënnen als representativ fir déi am Kader vun der Kepler-Missioun observéiert M-Zwerge gëllen.

Planéitesystem vum Kepler-32
| Planéit (no Distanz vum Stär) |
Entdeckungsjoer | Radius (an ) |
Mass (an M⊕) |
Ëmlafzäit (an Deeg) |
Grouss Hallefachs (an AE) |
Inklinatioun (a °) |
Exzentrizitéit |
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Kepler-32f | 2012 | 0,81 ± 0,05 | — | 0,74296 ± 0,00007 | 0,0130 ± 0,0002 | — | — |
| Kepler-32e | 2012 | 1,5 ± 0,1 | — | 2,8960 ± 0,0003 | 0,0323 ± 0,0005 | — | — |
| Kepler-32b | 2011 | 2,25 ± 0,11 | 9,4+3,6−3,1 | 5,90124 ± 0,00010 | 0,05 | — | — |
| Kepler-32c | 2012 | 2,02 ± 0,11 | 7,7+5,0−3,8 | 8,7522 ± 0,0003 | 0,09 | — | — |
| Kepler-32d | 2012 | 2,7 ± 0,1 | — | 22,7802 ± 0,0005 | 0,128 ± 0,002 | — | — |
