Ëmlafzäit

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Sideresch Period (1 no 2) a Synodesch Period (1 no 3).

D'Ëmlafzäit och Sideresch Period genannt, ass an der Astronomie déi Zäit, an där en Himmelskierper op senger Ëmlafbunn eng vollstänneg Ëmdréiung vun 360° ëm e Bezuchspunkt mécht.

Dobäi ass ze beuechten, datt et verschidde Bezuchspunkte ka ginn. Sou kann z. B. d'Ëmlafzäit vum Äerdmound mat oder ouni Arechnung vun de gläichzäitege Beweegunge vun der Äerd ëm d'Sonn ugesi ginn.

Wann een dëst méi einfach mécht, kënnt een op déi follgend Formel: 360-a²+-m/n wa k<0 ass.

Normalerweis gëtt een d'Ëmlafzäit par rapport zu engem wa méiglech statesche Bezuchssystem un;

De Bezuch kann awer och déi (visuell) Sonnepositioun sinn (Synodesch Period), d'Kniet vun eenzele Planéitebunnen (drakonitesch Period), de Schwéierpunkt vum ganze Sonnesystem oder vun zwéi vu senge Kierper (baryzentresch Period) oder de „Rescht vum Universum“ sinn (kuckt Inertialsystem).

Tabell: Ëmlafzäiten am Sonnesystem

D'Ëmlafzäite follegen dem newtonsche Gravitatiounsgesetz resp drëttem Kepler Gesetz:

U=4π2a3G(M1+M2)

mat

Nofollgend Tabell weist d'Zäite fir d'synodesch, sideresch resp. anomalistesch Ëmlafperiode vun de Planéiten am Sonnesystem, engem Kierper an der Haaptasteroidenceinture a vun Transneptunen, soowéi vum Äerdmound, Satellitten an der Sonn (uginn an Deeg a Kalennerjoeren):

  • Ausser beim Äerdmound ass d'Differenz tëscht anomalistescher Bunnperiod a siderescher Ëmlafzäit an dëser Genauegkeet ze vernoléissegen, well d'Perizentre vun de Planéiten an Asteroide sech am Verglach zu der Ëmlafdauer nëmme minimal verréckelen (Perizentrumsdréiung).
  • Am Ënnerscheed zum Äerdmound sinn déi synodesch Ëmlafzäite beim Merkur a Venus däitlech méi laang, vu Mars un an de baussenzege Planéiten (den Ausdrock „bannen/baussen“ bezitt sech op d'Haaptasteroidenceinture, net d'Äerd) dogéint nees méi kuerz.
Objet 'sideresch /
anomalistesch Ëmlafzäit

„a Bezuch zu de Fixstären /
der Bunngeometrie“
synodesch Ëmlafzäit

„a Bezuch zu der Äerd a Sonn“
ISS Schabloun:0Schabloun:0Schabloun:0Schabloun:01,51 Stonnen Schabloun:0Schabloun:0Schabloun:01,53 Stonnen
Geosynchron Schabloun:0Schabloun:0Schabloun:023,93 Stonnen Schabloun:0Schabloun:024,00 Stonnen
Äerdmound Schabloun:0Schabloun:0Schabloun:0Schabloun:027,322 Deeg /
Schabloun:0Schabloun:0Schabloun:0Schabloun:027,554 Deeg
Schabloun:0Schabloun:029,53 Deeg
Merkur Schabloun:0Schabloun:0Schabloun:0Schabloun:087,969 Deeg Schabloun:0115,88 Deeg
Venus Schabloun:0Schabloun:0Schabloun:0224,701 Deeg Schabloun:0583,92 Deeg
Äerd Schabloun:0Schabloun:0Schabloun:0365,256 Deeg Schabloun:0Schabloun:0Schabloun:0
Mars Schabloun:0Schabloun:0Schabloun:0686,980 Deeg Schabloun:0779,94 Deeg
Ceres Schabloun:0Schabloun:0Schabloun:0Schabloun:0Schabloun:04,600 Joer Schabloun:0466,72 Deeg
Jupiter Schabloun:0Schabloun:0Schabloun:0Schabloun:011,862 Joer Schabloun:0398,88 Deeg
Saturn Schabloun:0Schabloun:0Schabloun:0Schabloun:029,458 Joer Schabloun:0378,09 Deeg
Uranus Schabloun:0Schabloun:0Schabloun:0Schabloun:084,014 Joer Schabloun:0369,66 Deeg
Neptun Schabloun:0Schabloun:0Schabloun:0164,793 Joer Schabloun:0367,49 Deeg
Pluto Schabloun:0Schabloun:0~248,2Schabloun:0Schabloun:0 Joer Schabloun:0366,73 Deeg
Quaoar Schabloun:0Schabloun:0~285,97Schabloun:0 Joer Schabloun:0366,54 Deeg
Sedna ~10040 Schabloun:0Schabloun:0Schabloun:0 Joer Schabloun:0365,29 Deeg
Sonn Schabloun:0~ 230 Mio. Joer Schabloun:0Schabloun:0Schabloun:0

Kuckt och

Schabloun:Kuckt och Portal:Astronomie