Eech um Briddel

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Schabloun:Infobox Bam

Déi bemierkenswäert Eech um Briddel ass eng Wantereech (Quercus petraea), déi um Briddel an der Gemeng Koplescht, virum Haus Nr. 29 an der rue Nic Goedert steet, bei der Plaz déi no hir genannt ass (place du gros chêne). D'Eech, där hiren Alter net dokumentéiert ass, gehéiert wéinst hirer imposanter Statur an der Plaz wou se steet, zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.

D'Eech steet zirka 1 m méi déif wéi d'Strooss an den Trottoir. Si gouf 1981 fir d'éischt op d'Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem gesat.

Entwécklung vum Bam

Ongeféier Moosse vum Bam (m)
Joer U[1] d h
1980 3,51 1,12
≈2000 4,01 1,28 24,00

Quellen

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. Imprimerie centrale S.A. (Cf. d'Lëscht S. 237, keen Text a keng Foto vun der Eech an dësem Buch).
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. d'Lëscht S. 47; keng Foto a keen Text fir dëse Bam heiran).

Biller

Kuckt och

  • Zwéin aner bemierkenswäert Beem um Briddel:
  • Déi dräi déckst Eechen zu Lëtzebuerg:
Eech zu Heeschbreg
Eech um Bicherhaff (Gemeng Stadbriedemes)
Eech zu Sëll

Um Spaweck

Schabloun:Commonscat

Schabloun:Referenzen an Notten

  1. op Broschthéicht gemooss