Eech zu Sëll
Schabloun:Infobox Bam D'Eech zu Sëll ass eng Wantereech (Quercus petraea; Schabloun:Fr chêne rouvre ou chêne sessile; Schabloun:De Traubeneiche) déi am Norde vu Sëll an der Gemeng mam selwechten Numm steet. Et ass sécherlech déi imposantst vun allen Eechen zu Lëtzebuerg, a gehéiert dofir zu de bemierkenswäerte Beem am Land.
1974 gouf d'Sëller Eech duerch e règlement ministériel klasséiert, koum also op den Inventaire supplémentaire des monuments nationaux[1].
Lokalisatioun
D'Eech steet op der Kräizung vun der Strooss vu Sëll op Räichel (Schabloun:N12) mat där vu Sëll op Kapweiler-Kaalmes (CR301).
Ënner der Eech steet eng Statioun vun engem Kräizwee vun 1920.
Tëscht 2000 an 2002 huet d'Sëller Gemeng um Lieu-dit Hëlzent, wou d'Eech steet, eng Parkanlag mat engem 200 m² grousse Weier uleeë gelooss. Och deen ale Wäschbuer gouf restauréiert an et gouf e Foussgängerwee vu Sëll bis an d'Parkanlag ugeluecht.
Entwécklung vum Bam
De Stamm ass relativ kuerz, däitlech schif, an en dréit eng gewalteg Kroun, déi perfekt proportionéiert an equilibréiert ass, wat sécherlech drop zeréckzeféieren ass, datt de Bam zanter ville Joerzéngte fräi steet an no kenger Säit a sengem Wuesstem behënnert gouf.
Den Alter vun der Eech gëtt op ronn 290 Joer geschat(Stand: 2024)[2]. De Paul Modert (1962, mëndlechen Temoignage aus engem Nopeschhaus) schreift, datt fréier Maart bei der Eech ofgehale gouf, an datt op der Plaz siwe weider Eeche stoungen.
1978 gouf d'Kroun befestegt.[3]

| Joer | [4] | ||
|---|---|---|---|
| 1907 | 4,00 | 1,27 | |
| 1958 | 4,72 | 1,50 | |
| 1980 | 5,00 | 1,59 | |
| ≈2000 | 5,27 | 1,68 | 26,00 |
| 2008 | 5,47 | 1,74 | |
| 2023 | 5,69 | 1,81 | 23,40 |
Domat ass dëse Bam déi fënneftdéckst Eech zu Lëtzebuerg[5].
Kuckt och
- Kierch zu Sëll
- Aner bemierkenswäert Beem an der Gemeng Sëll:
- Déi dräi déckst Eechen zu Lëtzebuerg:
- Eech zu Heeschbreg
- Eech um Bicherhaff (Gemeng Stadbriedemes)
- Eech zu Sëll
Fotoalbum
-
D'Eech am Wanter (Februar 2024).
-
D'Parkanlag op Hëlzent mat der Eech am Fong (September 2009)
-
Kräizweestatioun bei der Eech.
Quellen
- Murat, Danièle et al. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. [3e parution revue et adaptée]. Diekirch: ANF, 2023. Print. ISBN 978-2-9199474-3-0 (Cf S. 206-207, Text a Foto)
- Oth, Gast & Nico Schockmel, 2009. Chronik unserer Gemeinde von 1940 bis 2008. In Sëll feiert. 150 Joer Chorale Sainte Cécile Saeul. 100 Joer Sëller Musek-Sëller Pompjeeën. 2009. Dréckerei Fr. Faber, Miersch, S. 89-121.
- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. Imprimerie centrale S.A. (Cf S. 64-65, Text a Foto).
- Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg. 167 S. (Cf. S. 16-17, Text a Foto).
- Modert, Paul 1962. Die Baumriesen des Luxemburger Landes. Erster Teil. Die Eichen, Linden und Buchen. 32 S. Broschür ouni Numm vum Éditeur a vun der Dréckerei. (Cf. S. 3 fir d'Eech zu Sëll).
- Faber, Ernest, 1920. Die Baumriesen des Grossherzogtums Luxemburg in Wort und Bild. Fr. Faber, Miersch. (Cf. S. 31, Bild 8 an der Serie vun den Eechen).