Eech um Bicherhaff

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Schabloun:Infobox Bam

D'Eech an d'Kapell um Bicherhaff. Lénks de Wee op de Scheierhaff.

D'Eech um Bicherhaff ass eng Summereech (Quercus robur; chêne pédonculé; Stieleiche) déi nieft enger Kapell um Bicherhaff an der Gemeng Stadbriedemes steet, nieft der Strooss (CR147) déi vu Greiweldeng op Éiter féiert. Wéinst hirem Alter an och der Plaz wou se steet, gehéiert dës Eech zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg. Se ass ëm 1480 geplanzt ginn, hiren Alter gouf 1981 op ronn 500 Joer geschat[1]. D'Kapell ass aus dem Joer 1855.

Entwécklung vum Bam

Ongeféier Moosse vum Bam (m)
Joer U[2] d h
1907 4,10 1,31
1958 5,40 1,59
1980 5,70 1,81 16,00
≈2000 6,09 1,94 18,00

Domat ass dës Eech, no där vun Heeschbreg, déi zweetdéckst Eech zu Lëtzebuerg[3].

1980 gouf de Bam restauréiert. 2008 konnt ee gesinn, datt d'Haaptäscht mat stole Seeler geséchert sinn.

Quellen

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 58-59, Text a Fotoen).
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. S. 14-15, Foto an Text).

Kuckt och

  • Déi dräi décksten Eechen zu Lëtzebuerg:
Eech zu Heeschbreg
Eech um Bicherhaff
Eech zu Kaalmes

Um Spaweck

Schabloun:Commonscat

Schabloun:Referenzen an Notten

  1. Administration des eaux et forêts, 1981
  2. op Broschthéicht gemooss
  3. Sinner, J. et al., 2002, S. 236