S/2003 J 2

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Schabloun:Infobox Mounden Den S/2003 J 2 ass ee vun de klenge Mounde vum Planéit Jupiter.

Entdeckung

Den S/2003 J 2 gouf de 5. Februar 2003 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. De Mound huet nach keen offiziellen Numm – bei de Jupitermounden sinn dat an der Reegel weiblech Figuren aus der griichescher Mythologie –, no der Systematik vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU) krut de Mound virleefeg d'Nummer S/2003 J 2.

Bunndaten

Den S/2003 J 2 ass bis elo dee bekannte Mound deen am wäitste vum Jupiter ass. Hie kreest op enger mëttlerer Distanz vun 29.541.000 km an 979 Deeg, 23 Stonnen a 46 Minutten, ëm de Planéit. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,2255. Mat enger Inklinatioun vun 160,638° ass d'Bunn retrograd, d. h., de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

Hie gehéiert zu kenger bekannter Grupp vu Mounden, déi de Jupiter op kollektive Bunnen ëmkreesen.

D'Grenz vum Jupiter sengem gravitativen Afloss gëtt duerch d'Hill-Sphär definéiert, där hire Radius ongeféier ajmj3Ms3 ass. Dobäi sinn aj an mj dem Jupiter seng grouss Hallefachs a Mass, an Ms d'Mass vun der Sonn. Domat ergëtt sech e Radius vu ronn 52 Mio. Kilometer. Den S 2003 J 2 distanzéiert sech op senger exzentrescher Bunn bis zu 36 Mio. km vum Jupiter. Méiglecherweis gëtt nach Mounden déi méi wäit ewech sinn.

Physikalesch Daten

Den S/2003 J 2 huet en Duerchmiesser vu ronn 2 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass warscheinlech haaptsächlech aus silikateschem Gestengs opgebaut. Hien huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 23,2m.

Kuckt och

Schabloun:Kuckt och Portal:Astronomie

Um Spaweck

Schabloun:Navigatioun Jupitermounden