Pentan

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Schabloun:Infobox Chimie

Pentan oder n-Pentan ass en aliphatesche Kuelewaasserstoff, deen zu der Famill vun den Alkane gehéiert. En ass ee vun deenen dräi Isomeren aus der Grupp vun de Pentanen, déi nach aus Isopentan a Neopentan besteet.

Physikalesch Eegenschaften

Pentan ass eng Flëssegkeet ouni Faarf, déi no Bensinn richt. En ass volatil an verdonnst scho bei Raumtemperatur. Déi Dämp si méi schwéier wéi d'Loft a breede sech um Buedem aus.

E léist sech schlecht am Waasser. Dogéint ass e gutt am Aceton, am Ethanol an am Ether léislech.

Cheemesch Eegenschaften

Pentan ass liicht brennbar a verbrennt mat Sauerstoff zu Kuelendioxid a Waasser. Doduerch, datt e volatil ass, kënnen explosiv Gasgemëscher aus Pentan a Loft entstoen.

C5H12+8O25CO2+6H2O

Virkommen

Pentan kënnt am Äerdgas an am Pëtrol vir an entsteet beim Cracking

Hierstellung

An der Industrie:

Pentan gëtt an der Industrie duerch Destillatioun vu Pëtrol gewonnen.

Am Laboratoire:

Am Laboratoire gëtt fir d'éischt Pentan-2-ol oder Pentan-3-ol dehydratiséiert, da mat Katalysateuren hydréiert.

Uwendung

Pentan ass en universellt Léisungsmëttel an en Dreifmëttel an de Spraydousen.

Auswierkungen op d'Gesondheet

D'Dämp vum Pentan wierke narkotesch a wann een se anotemt, kann dat zu Dronkenheet, Kappwéi, Schléifregkeet an Herzrhythmusstéierunge féieren.

Um Spaweck