Isopentan

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Schabloun:Infobox Chimie

Isopentan oder 2-Methylbutan ass en aliphatesche Kuelewaasserstoff, deen zu der Famill vun den Alkane gehéiert. En ass ee vun deenen dräi Isomeren aus der Grupp vun de Pentanen, déi nach aus n-Pentan a Neopentan besteet.

Physikalesch Eegenschaften

Isopentan ass eng Flëssegkeet ouni Faarf a richt änlech wéi Bensinn.

Cheemesch Eegenschaften

Isopentan ass liicht brennbar a verbrennt mat Sauerstoff zu Kuelendioxid a Waasser.

C5H12+8O25CO2+6H2O

Virkommen

Isopentan kënnt am Äerdgas an am Pëtrol vir an entsteet beim Cracking

Uwendung

Isopentan ass e Bestanddeel vu Bensinn mat héijer Oktanzuel. E gëtt och als Léisungsmëttel fir Ueleger a Fetter gebraucht an zur Produktioun vun Isopren an Insektiziden.

Um Spaweck