Lann zu Klengbetten
Schabloun:Infobox Bam Schabloun:Kaartpositioun D'Lann zu Klengbetten ass eng Lann (Tilia, (fr) tilleul, (de) Linde) déi zu Klengbetten an der Gemeng Stengefort steet an déi zënter 2002 wéinst hirer imposanter Erscheinung zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert.
Et ass net gewosst op dëse Bam eng Summer- (Tilia platyphyllos) oder Wanterlann (Tilia cordata) ass, an och de geneeën Alter ass net bekannt.
Lokalisatioun
De Bam steet uewen an der Koler Strooss (rue de Kahler) zu Klengbetten, an der Kadastersektioun Klengbetten vun der Gemeng Stengefort. Se steet op engem privaten Terrain tëscht zwéi Wunnhaiser.
Entwécklung
Vun dësem Bam, deen 2002 fir d'éischt op d'Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gesat gouf, gëtt et bis haut (2024) keng op Pabeier verëffentlecht Beschreiwung a Foto.
| Joer | [1] | ||
|---|---|---|---|
| 2000 | 2,82 | 0,90 | 19,00 |
= Ëmfang; = Duerchmiesser; = Héicht
Biller
- D'Lann zu Klengbetten am Laf vum Joer
-
Fréijoer ()
-
Summer (2008)
-
Hierscht ()
-
Wanter ()
Kuckt och
- Déi dräi déckst Lannen zu Lëtzebuerg:
Quellen
- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. Lëscht S. 241; keen Text an och keng Foto vun dësem Bam heiran).
Um Spaweck
Schabloun:Referenzen an Notten
- Quell vum Artikel wou net anescht uginn: (Les) Arbres remarquables… an der Literatur
- ↑ op Broschthéicht gemooss
