Lann zu Suessem

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Schabloun:Infobox Bam

De ganze Bam

D'Lann zu Suessem ass eng Lann déi zu Suessem an der Gemeng mam selwechten Numm steet an zënter 1981 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert. Aus de Quelle geet net ervir ob et eng Wanter- oder Summerlann ass.

Lokalisatioun

D'Lann steet nieft der Mauer vum Suessemer Schlass, an der Verlängerung vun der Strooss, déi vu Suessem bei d'Schlass féiert.

Entwécklung vum Bam

Den Alter vun der Lann gëtt op ronn 500 Joer geschat(Stand: 2023).

Ongeféier Moosse vum Bam (m)
Joer U[1] d h
ëm 1920 5,30 1,69
1980 5,82 1,85
≈2000 5,87 1,87 25,00
2008 6,08 1,94
2023 6,28 2,00 20,50

U = Ëmfang; d = Duerchmiesser; h = Héicht

Interessantes

  • Schonn an engem Dokument vu 1630, am Zesummenhank mat der Belagerung vum Schlass, gëtt dëse Bam als „déi grouss Lann“ ernimmt.
  • D'Suessemer Lann ass no der Wëller Lann vu Kënzeg (vun där allerdéngs no engem Stuerm am Joer 2006 nëmme méi de Stamm iwwereg bliwwen ass) an der bemierkenswäerter Lann zu Pëtschent, déi drëttdéckst Lann zu Lëtzebuerg.

Kuckt och

Biller

Quellen a Literatur

  • Murat, D. & M. Feldtrauer-Molitor (Koordinatioun), 2023. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Editeuren: Administration de la nature et des forêts (ANF) an natur&ëmwelt asbl. ISBN 978-2-9199474-3-0 (cf. S. 244-245, Foto an Text).
  • Bartimes, Mett et al. Les arbres remarquables 2002. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 2002. Print. ISBN 2-919877-05-4 (cf. S. 76-77, Foto an Text)
  • Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 1981. Print. (cf. S. 101 a S. 161, keen Text a keng Foto)
  • Faber, E., 1918. Die Baumriesen des Grossherzogtums Luxemburg in Wort und Bild. Dréckerei François Faber, Miersch.

Um Spaweck

Schabloun:Commonscat

Schabloun:Referenzen an Notten

  1. op Broschthéicht gemooss