Käschtebam zu Miersch
Schabloun:Infobox Bam Schabloun:Kaartpositioun De Käschtebam zu Miersch ass e Wëlle Käschtebam (Aesculus hippocastanum, Schabloun:Fr marronnier commun, Schabloun:De Gewöhnliche Rosskastanie) deen zu Miersch an der Gemeng mam selwechten Numm steet an deen zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert.
Lokalisatioun
De Bam steet laanscht der Nationalstrooss 7 fir op Colmer-Bierg, am Haff vum fréiere Linden-Haus, dat ëm 1820 gebaut gouf. Lénks am Haff ass hautdesdaags d'Gebai mat de Regionalbüroe vum Kadaster a riets d'Mierscher Kommissariat vun der Police.
Am Mee 2008 ass den Haff, wou de Bam steet, komplett renovéiert ginn an d'Schlaken an de Kräsi um Buedem goufe mat Pawee ersat.
Ronderëm de Käschtebam gouf en diskreeten Drainagesystem agebaut, déi doudeg Äscht goufen ewech geholl an d'Kroun vum Bam gouf stabiliséiert.
Entwécklung
Den Alter vum Bam kann op 100-120 Joer geschat ginn a wär deemno zur Zäit geplanzt ginn, wéi de Prosper Linden seng Molkerei am Joer 1904 opgemaach huet. De Bam ass an engem gudden Zoustand, mat enger schéiner Kroun, déi ënnen erlaanscht weit an uewen ofgerënnt ass.Schabloun:Small
| Joer | |||
|---|---|---|---|
| 1981 | 2,67 | 0,85 | |
| 2000 | 3,02 | 0,96 | 19,00 |
| 2023 | 3,20 | 1,02 | 15,40 |
Biller
- D'Käschtebam zu Miersch am Laf vum Joer
-
Fréijoer ()
-
Summer ()
-
Hierscht ()
-
Wanter (2024)
Literatur
- Murat, Danièle et al. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. [3e parution revue et adaptée]. Diekirch: ANF, 2023. Print. ISBN 978-2-9199474-3-0 (cf. S. 178-179, Foto an Text)
- Bartimes, Mett et al. Les arbres remarquables 2002. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 2002. Print. ISBN 2-919877-05-4 (cf. Tabell S. 242, ouni Foto an Text)
- Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 1981. Print. (cf. S. 110-111, Foto an Text)
Um Spaweck
Schabloun:Referenzen an Notten
- Quell vum Artikel wou net anescht uginn: Les arbres remarquables, 2023 an der Literatur
