Nationalstrooss 7

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Schabloun:Infobox Staatsstrooss

Laf an Uschlëss
Lëtzebuerg Schabloun:Nationalstrooss LU Schabloun:Nationalstrooss LU Schabloun:Nationalstrooss LU
Schabloun:Nationalstrooss LU Av. Monterey
Schabloun:Nationalstrooss LU Av. E. Reuter
Schabloun:Nationalstrooss LU Av. de la Porte-Neuve
Schabloun:Nationalstrooss LU Eecher Bierg
Schabloun:Nationalstrooss LU Tunnel René Konen
Schabloun:Nationalstrooss LU Rout Bréck
Schabloun:Nationalstrooss LU Rue des Glacis
Eech Schabloun:Chemin repris Rue Laurent Menager
Schabloun:Nationalstrooss LU Rue de Muhlenbach
Schabloun:Nationalstrooss LU Rue Aug. Laval
Beggen Schabloun:Chemin repris Rue de la Cimenterie
Bäreldeng Schabloun:Chemin repris Am Becheler
Walfer Schabloun:Chemin repris Rue de Steinsel
Uelzecht
Schabloun:Chemin repris Rue de la Gare
Helsem Schabloun:Chemin repris Rue Ch. Rausch
Schabloun:Chemin repris Rue de la Gare
Heeschdref Schabloun:Chemin repris Rue de Mullendorf
CFL-Linn 1
Luerenzweiler Schabloun:Chemin repris Rue de Hünsdorf
Schabloun:Chemin repris Rue de Blaschette
Kléck Schabloun:Autobunn LU
Lëntgen Schabloun:Chemin repris Rue de l'Église (r) /
        Rue de la Gare (l)
Schabloun:Chemin repris Route de Fischbach
Rolleng Schabloun:Chemin repris Rue Belle-Vue
Rollengerbaach
Bierschbech Bierschbaach
Schabloun:Chemin repris Schabloun:Chemin repris Schabloun:Chemin repris
Miersch Uelzecht
CFL-Linn 1
Schabloun:Chemin repris Rue de la Gare
Schabloun:Chemin repris Rue G-D Charlotte
Schabloun:Nationalstrooss LU Rue d'Arlon
Mierscher Bierg Schabloun:Autobunn LU Rond-point Tinnesbruch
Wëllerbaach
Rouscht Schabloun:Chemin repris
Schabloun:Chemin repris
Brongeshaff Schabloun:Nationalstrooss LU
Colmer Schabloun:Nationalstrooss LU
Schabloun:Nationalstrooss LU Av. Gordon Smith
Colmer Bréck Uelzecht
CFL-Linn 1
(Bréck op der Colmer Bréck)
Schabloun:Chemin repris Route de Cruchten
Uschloss Schabloun:Schnellstrooss LU
Schieren Schabloun:Chemin repris Route de Stegen
Kiselbaach
CFL-Linn 1
Ettelbréck Uschloss Schabloun:Schnellstrooss LU
Schabloun:Nationalstrooss LU
Uelzecht
Waark
Schabloun:Nationalstrooss LU Rue Prince Henri
Schabloun:Nationalstrooss LU Av. J-F Kennedy
CFL-Linn 1
Sauer
Ierpeldeng-Sauer Schabloun:Nationalstrooss LU Porte des Ardennes
       Schabloun:Chemin repris Rue du Viaduc
Angelduerf Schabloun:Chemin repris CFL-Linn 1a
Uschloss Schabloun:Schnellstrooss LU
Schabloun:Chemin repris Zone industrielle
Dikrech Schabloun:Chemin repris Rue de l'Industrie
Schabloun:Nationalstrooss LU Rue du Pont
Schabloun:Chemin repris Place Guillaume
Schabloun:Nationalstrooss LU Esplanade
Schabloun:Nationalstrooss LU Rue du Herrenberg
Fridhaff Schabloun:Schnellstrooss LU
Closdellt Schabloun:Chemin repris
Fléiber Schabloun:Chemin repris
Lëpschter Dällt Schabloun:Chemin repris
Maarkebaach Schabloun:Chemin repris
Schabloun:Chemin repris
Houschent Schabloun:Chemin repris
Schabloun:Chemin repris
Houschter Déckt
Schinker Schabloun:Chemin repris
Housen Uschloss Ëmgeeung (geplangt)
Schabloun:Chemin repris Eesberwee (r) /
       Boukelzer Strooss (l)
Schabloun:Chemin repris
Duerscht Schabloun:Chemin repris
Maarnech Schabloun:Nationalstrooss LU
Schabloun:Nationalstrooss LU
Schabloun:Nationalstrooss LU
Schabloun:Nationalstrooss LU Schabloun:Chemin repris
Fëschbech Schabloun:Chemin repris Duarrefstrooss
Grandsen Schabloun:Chemin repris
Hengescht Schabloun:Chemin repris Hëpperdanger Strooss
Schabloun:Chemin repris Hauptstrooss (l)
Lausduer Schabloun:Chemin repris (r)
Wäiswampech Schabloun:Chemin repris Urenerweeg
Schabloun:Chemin repris Duarrefstrooss (l)
Schabloun:Chemin repris Beeler Strooss (r)
Wemperhaart Schabloun:Nationalstrooss LU Schabloun:Nationale BE
Lenglerlach Schabloun:Chemin repris Duarrefstrooss
Schmëdd
Schabloun:BEL Schabloun:Nationale BE Deiffelt

D'Nationalstrooss 7 oder N7, ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss an de Kantone Lëtzebuerg, Miersch, Dikrech a Klierf. Deelweis féiert d'Europastrooss E421 driwwer. Se leeft vun der Stad bis op d'Schmëdd an ass mat 76 km déi zweetlängst Nationalstrooss am Land[1].

Verlaf

D'N7 féiert vu Lëtzebuerg vun der Bréisseler Plaz iwwert de Boulevard Royal an den Eecher Bierg op Eech, a vun do aus duerch den Uelzechtdall bis op Miersch. Vun do geet et iwwer d'Kopp vum Rouscht op Colmer, an dann nees weider duerch den Dall vun der Uelzecht iwwert Ettelbréck op Dikrech.

Wéinst Sens-uniquen zu Ettelbréck an zu Dikrech leeft de Verkéier op der N7 nëmmen an eng Richtung:

  • zu Ettelbréck a Richtung Schmëdd (an der Géigerichtung iwwert d'N7A) an
  • zu Dikrech a Richtung Lëtzebuerg; a Richtung Éislek gëtt de Verkéier vun der Stäreplaz un iwwert d'N14 (Rue du Pont) an d'Schabloun:N14 geleet fir bei der Kierch erëm nees op d'N17 ze stoussen.

Vun der Dikrecher Kierch u verléisst se de Sauerdall, fir duerch de Bamerdall op d'Kopp beim Fridhaff ze kommen. Vun do aus féiert se dann als Héichtestrooss laanscht Houschent, duerch Housen, Hengescht a Wäiswampech bis op déi belsch Grenz op der Schmëdd, wou se Uschloss un déi belsch Nationalstrooss N68 huet.

Entwécklung vun der N7

  • D'Strooss ass 1843 als „Dikrecher Strooss“ bezeechent ginn an ass vun der Stad iwwert Kruuchten op Dikrech gelaf. Se huet déi belsch Grande route de deuxième classe ersat, déi vu Lëtzebuerg op Dikrech gefouert huet;
  • Bis an d'1940er Joren ass d'N7 vu Miersch aus iwwer Miesdref a Kruuchten a Richtung Ettelbréck gelaf, se leeft awer zanterhier iwwer de Rouscht (déi fréier N26);
  • D'Streck tëscht Dikrech an der belscher Grenz vun der haiteger N7 war bis 1958 déi fréier N16. Zu Ettelbréck - an deem Deel wou d'N7 haut a Sens unique leeft - huet d'N7B den Accès bei d'Gare assuréiert;
  • Zanter den 1960er Jore goufen eng Rëtsch Upassungen un der N7 gemaach fir de Verkéier méi flësseg ze maachen. Sou gouf d'Streck méi riicht gemaach andeems Kéiere ugepasst goufen, et goufen nërdlech vun Dikrech Deeler gebaut wou et méi einfach ass z'iwwerhuelen asw. Do derbäi kënnt, datt tëscht der Stad an Dikrech d'A7 an d'B7 (Nordstrooss) gebaut goufen, fir d'N7 z'entlaaschten;
  • An den 1960er ass d'Streck tëscht Ettelbréck an Angelduerf nei amenagéiert ginn an d'Barriär koum ewech;
  • D'Traversée duerch Ettelbréck gouf an den 1980er Joren ugepasst an eng Rei Kéieren tëscht Fëschbech an Hengescht, tëscht Hengescht a Wäiswampech grad ewéi tëscht Housen a Maarnech goufen ëmgebaut fir d'Streck méi riicht ze maachen;
  • 2001 ass d'Ënnerféierung um Rouscht opgaangen an d'Kräizung mam CR306 ass ewech gefall;
  • 2008 ass an d'Kéier an der Kléck – um haitege Verdeeler fir op d'Autobunn – ëmgebaut ginn;
  • Mam Gesetz vum 15. Dezember 2021 iwwert d'Reklassement vum Stroossereseau sinn an der Gemeng Colmer-Bierg 182 m vum fréieren Tronçon vun der N7 als Gemengeplaz deklasséiert ginn[2].

Projeten

Contournement vun Housen

Fir d'Uertschaft Housen vum Transitverkéier ze entlaaschten, ass bis Enn 2023 e Contournement geplangt, dee westlech laanscht d'Uertschaft verleeft. A Richtung Norde gekuckt, féiert en ënnert dem CR324 erduerch a leeft dann duerch e 470-Meter laangen Tunnel ënnert dem Flouer Beirescht erduerch, fir op der Héicht vum CR342 deen a Richtung Rouderssen fortgeet, nees un d'N7 ugeschloss ze ginn[3]Schabloun:,[4].

Uganks 2021 gouf eng adaptéiert Versioun vum 4,4 km laange Contournement virgestallt deen aus 2 × 2 Bunne besteet an duerch en Tunnel vun 320 m leeft. Et ginn am Ganze 6 Brécke gebaut, ë. a. fir de landwirtschaftleche Verkéier. Am Kader vum Bau vun der Umgeeungsstrooss gëtt och d'Kräizung mam CR324 verluecht. De Budget fir déi nei Strooss läit bei 154,35 Milliounen Euro, d'Aarbechte sollen 2022 ugoen a véier Joer laang daueren[5][6]. D'Finanzéierungsgesetz gouf de 6. August 2021 gestëmmt[7]. Ufanks 2025 ass d'Tranchée fir den Tunnel fäerdeg an et gouf ugefaangen d'Verschalunge vun den Tunnelsréier ze setzen.

Queesch Verbindung vu Klierf

D'Nationalstrooss 90 (Transversale de Clervaux) ass eng Strooss, déi nërdlech vu Maarnech vun der N7 aus fort geet an eng queesch Verbindung no Weste bis op d'N18 nërdlech vu Klierf mécht. En éischt Stéck ass zanter dem 10. Juni 2022 op, de westlechen Deel ass nach am Bau(Situatioun: Abrëll 2023).

Ëmbau vun der N7

2022 sollt ugefaange ginn, fir d'Strooss tëscht dem Fridhaff an der Houschter Déckt ëmzebauen, fir se méi sécher ze maachen. Sou bleift déi aktuell Dräibunn bestoen an et ass virgesinn, datt et ofwiesselend eng Spuer an déi eng an zwou an déi aner gëtt. D'Kräizungen um selwechten Niveau kommen ewech a ginn duerch Brécken ersat. Do derbäi gëtt parallel och tëscht Houschent an der Houschter Déckt eng Vëlospist gebaut. De Budget fir d'Aarbechte läit bei 246,71 Milliounen Euro, d'Aarbechte sollten 2022 ugoen an am éischten Deel véier Joer laang daueren[5][6]. D'Finanzéierungsgesetz gouf de 6. August 2021 gestëmmt[8].

Rouscht

Am Abrëll 2023 huet de Mobilitéitsminister François Bausch confirméiert, datt um Rouscht op enger Streck vu ronn 2 Kilometer „sou séier wéi méiglech“ dräi Rond-pointe solle gebaut gi fir de Verkéier op där Streck méi sécher ze maachen[9].

Biller

Um Spaweck

Schabloun:Commonscat

Schabloun:Referenzen an Notten

Schabloun:Navigatioun Nationalstroossen am Kanton Lëtzebuerg Schabloun:Navigatioun Nationalstroossen am Kanton Miersch Schabloun:Navigatioun Nationalstroossen am Kanton Dikrech Schabloun:Navigatioun Nationalstroossen am Kanton Klierf