Haaptsaz vun der elementarer Zuelentheorie

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Den Haaptsaz vun der (elementarer) Zuelentheorie seet, datt all natierlech Zuel n>1 ëmmer op eng eendeiteg Weis als Produkt vu Primzuele ka geschriwwe ginn. Dëst Produkt gëtt och nach Primzuelzerleeung vun n genannt.

De Beweis vum Haaptsaz gëtt meeschtens mat vollstänneger Induktioun gefouert an ass dobäi eng Konsequenz aus dem sougenannte Lemma vum Euklid. Dat beseet, datt all natierlech Zuel, déi méi grouss wéi 1 ass, vun enger Primzuel gedeelt gëtt. Den Detail vum Beweis:

D'Zuel n=2 ass eng Primzuel an deemno seng eegen eendeiteg Primzuelzerleeung. Et sief also n2 eng natierlech Zuel sou, datt fir all natierlech Zuel mn eng eendeiteg Primzuelzerleeung existéiert. Dann ënnersiche mer d'Zuel n+1. Et gëtt genee zwou Méiglechkeeten: Entweeder n+1 ass nees eng Primzuel an domat seng eegen eendeiteg Primzuelzerleeung, oder et ass eng zesummegesat Zuel an et gëtt nom Euklid deemno eng Primzuel pn, déi n+1 deelt. Dann ass awer de Quotient r=n+1pn eng vun deenen natierlechen Zuelen, fir déi mir scho wëssen, datt s'eng eendeiteg Primzuelzerleeung hunn. Domat ass awer och d'Produkt rp=n+1 eendeiteg mat Hëllef vu Primzuelen ausdréckbar.