Deeler

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Schabloun:SkizzMathe Wann a a b=0 ganz Zuele sinn, dann heescht b en Deeler vun a, wann eng ganz Zuel c existéiert, soudatt a=bc gëllt. Et seet een an dësem Fall och b deelt a, oder a gëtt vu b gedeelt, an et schreift een ab.

Wann a eng natierlech Zuel ass, dann heescht en Deeler b vun a, deen 1<b<a erfëlt, en echten Deeler vun a. All Deeler, deen eng natierlech Zuel ass, gëtt positiven Deeler genannt. Aus der Definitioun ergëtt sech, datt fir jiddwer Deeler b vun enger natierlecher Zuel a d'Relatioun ba gëllt.

Fir Deeler gëlle follgend Proprietéiten:

1) Jiddwer ganz Zuel a=0 ass hiren eegenen Deeler.

2) Jiddwer ganz Zuel gëtt vun der natierlecher Zuel 1 gedeelt.

3) Ass b en Deeler vun a, dann ass och b en Deeler vun a.

4) D'Zuel 0 gëtt vun alle ganzen Zuelen b=0 gedeelt.

5) (Transitivitéit vun der Deelbarkeet) Wann d'Zuel c d'Zuel b deelt, an d'Zuel b deelt d'Zuel a, dann deelt och d'Zuel c d'Zuel a.

6) Deelt c d'Zuelen a a b, dann deelt c och d'Zuelen a+b an ab.

Beweis: 1) an 2): Mer kënne schreiwen: a=a1=1a.

3) Ass b en Deeler vun a, sou existéiert no der Definitioun eng ganz Zuel c fir déi a=bc=(b)(c) gëllt. Well c och eng ganz Zuel ass, ass och b en Deeler vun a.

4) Et sief a=0, da gëllt fir all ganz Zuel b=0 d'Relatioun a=b0, d. h. b ass en Deeler vun a.

5) Et gëllt no Definitioun b=ck an a=bl mat passende ganzen Zuele k,l. Setze mer b aus der éischter Formel an déi zweet an, da kréie mer a=c(kl), woubäi kl nees eng ganz Zuel ass, an demno c en Deeler vun a muss sinn.

6) Mat zwou passende ganzen Zuele k,l sief a=ck an b=cl. Da kréie mer a+b=c(k+l) an ab=c(kl), mat ganzen Zuele k+l a kl.

Kuckt och