Ellipsoid

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Triaxialt Ellipsoid mat (a,b,c)=(4,2,1)

En Ellipsoid ass e Kierper deen der dräi- oder méidimensionaler Duerstellung vun enger Ellips entsprécht.

Bekannt Beispiller fir Rotatiounsellipsoide sinn d'Äerd an de Rugbyball.

Definitioun

Rugbyball als gestreckt Rotatiounsellipsoid

En Ellipsoid am dräidimensionale Raum kann als gestreckt oder gestaucht Bild vun enger Kugeluewerfläch (Sphär) erkläert ginn. Beim Gebrauch vu kartesesche Koordinaten an Ausriichtung vun de Koordinatenachsen x, y an z no de Symmetrieachse vum Ellipsoid heescht seng Equatioun

x2a2+y2b2+z2c21=0

mat positive reellen Zuelen a, b an c, de Längte vun den Hallefachsen.

Am n-dimensionale Raum ass en Ellipsoid

E={x=(x1xn)TRn:xTQx=1i,jn qijxixj=1}

d'Léisungsmenge vun enger quadratescher Equatioun mat positiv definiter reeller (zu enger quadratescher Form gehéierenden) Matrix Q=(qij).

Duerch Haaptachsentransformatioun kann ee Q op eng Diagonalmatrix mat positiven Eegewäerter transforméieren. D'Eegevecteure vun där Matrix ginn d'Richtung vun den Haaptachsen un, d'Kehrwäerter vun de Wurzelen aus den Eegewäerter sinn d'Längte vun den Hallefachsen déi derzou gehéieren.

An der Linearer Optiméierung ginn Ellipsoiden an der Ellipsoid-Method gebraucht.

Déi follgend Erklärunge begrenze sech nees op Ellipsoiden am dräidimensionale Raum. Wann allen dräi Hallefachse verschidde sinn, da schwätzt ee vun triaxialen (oder dräiachsegen) Ellipsoiden. Bei der Rotatioun vun enger Ellips ëm eng vun hiren Achsen entstinn Rotatiounskierper, an dësem Fall Rotatiounsellipsoide. Beispiller fir Rotatiounsellipsoide sinn rotéierend Himmelskierper, wéi eis Äerd (vergl. Äerdellipsoid) resp. Planéiten, Sonnen oder Galaxien. Elliptesch Galaxien kënnen och triaxial sinn.

D'Äerd als Ellipsoid

D'Äerd als gestauchte Rotatiounsellipsoid

Eis Äerd ass nëmmen ongeféier eng Kugel. A Wierklechkeet ass si duerch d'Dréiung ëm sech selwer un de Polen ofgeflaacht an och soss ganz onreegelméisseg geformt. Fir dës Onreegelméissegkeet méi genee ze beschreiwen, gëtt amplaz vun der Kugel dacks e Rotatiounsellipsoid gebraucht. Dësen déngt an der Kartographie an an der Geodesie als Bezuchssystem fir d'Konstruktioun vu Vermoossungsnetzer an der direkten Angab geographescher Koordinaten. Duerch den Ellipsoid gëtt d'Äerdfigur als "Fläch konstanter Héicht" ofgestëmmt (kuckt Geoid an Mierespigel).

Volume vum Ellipsoid

De Volume V léisst sech mat

V=43πabc

aus dem Produkt vun den Hallefachse berechnen.

Uewerfläch vum Rotatiounsellipsoid

Sief abc a sief ε=1(ca)2 déi numeresch Exzentrizitéit vun der Ellips, déi sech als Schnëtt mat der xz-Fläch y=0 ergëtt. Dann ass fir en ofgeplattenen Ellipsoid mat a=b>c (Rotatiounsachs = z-Achs)

A=2πa2(1+(ca)2artanhεε)

a fir e verlängerten Ellipsoid mat a>b=c (Rotatiounsachs = x-Achs)

A=2πc2(1+acarcsinεε).

D'Uewerfläch vum triaxialen Ellipsoid

D'Uewerfläch vum triaxialen Ellipsoid léisst sech net mat Hëllef vu Funktiounen ausdrécken, déi een als elementar ugesäit, wéi z. B. artanh oder arcsin. D'Flächeberechnung ass dem Adrien-Marie Legendre mat Hëllef vun der elliptescher Integrale gelongen. Sief a>b>c. Schreift een

k=abb2c2a2c2 an φ=arcsina2c2a,

sou heescht d'Integrale

E(k,φ)=0sinφ1k2x21x2 dx an F(k,φ)=0sinφ11x21k2x2 dx.

D'Uewerfläch huet mat E an F no Legendre[1] de Wäert

A=2πc2+2πba2c2(c2F(k,φ)+(a2c2)E(k,φ)).

Ginn d'Ausdréck fir k an φ souwéi d'Substitutiounen

u=a2c2a  an  v=b2c2b

an d'Equatioun fir A agesat, sou ergëtt sech d'Schreifweis

A=2πc2+2πab011u2v2x21u2x21v2x2 dx.

Vum Knud Thomsen staamt déi (integralfräi) „Näherungsformel“

A4π((ab)1,6+(ac)1,6+(bc)1,63)0,625.

Déi maximal Ofwäichung vum exakten Resultat ass manner wéi 1,2 %.

Am Grenzfall vun engem vollstänneg plattgedréckten Ellipsoid (c0) striewen all dräi notéiert Formele fir A géint 2πab, den duebelte Wäert vun enger Ellipsefläch mat den Hallefachsen a an b.

Formele fir Rotatiounsellipsoiden

Mat den Definitioune vun der elliptescher Integraler E an F loosse sech déi béid rotatiounssymmetresch Spezialfäll liicht aus der allgemenger triaxialer Formel ofleeden, well E an F ginn elementar Funktiounen.

Ofgeplatten Ellipsoid

b = a, also gëtt k = 1, doraus follegt E(1,φ)=0sinφ dx=sinφ=a2c2a an F(1,φ)=0sinφ11x2 dx=artanh(sinφ)=artanh(a2c2a).
Agesat an d'Equatioun vum Legendre ergëtt dat A=2πc2+2πaa2c2(c2artanh(a2c2a)+(a2c2)a2c2a).

Verlängerten Ellipsoid

b = c, also gëtt k = 0, doraus follegt E(0,φ)=F(0,φ)=0sinφ11x2 dx=arcsin(sinφ)=arcsin(a2c2a).
Agesat an d'Equatioun vum Legendre ergëtt dat A=2πc2+2πca2c2(c2arcsin(a2c2a)+(a2c2)arcsin(a2c2a)).

Alternativ loosse sech d'Uewerflächen och als Mantelfläch vu rotéierenden Ellipsen (Rotatiounsellipsoid) berechnen.

Kuckt och

Um Spaweck

Schabloun:Wiktionary

Schabloun:Referenzen

  1. Adrien-Marie Legendre: Traite des fonctions elliptiques et des intégrales Euleriennes, Bd. 1. Hugard-Courier, Paris 1825, S. 357.