Eechen zu Munzen
Schabloun:Infobox Bam Schabloun:Kaartpositioun D'Eechen zu Munzen sinn zwou Wantereechen (Quercus petraea, Schabloun:De Traubeneiche; Schabloun:Fr chêne sessile, chêne rouvre) déi zu Munzen an der Gemeng Klierf stinn an déi wéinst hirem Alter an och dem Ëmfeld an deem se stinn – eng Wisen- an Heckelandschaft beim Duerf – zënter 2002 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéieren.
Lokalisatioun
D'Eeche stinn an der Sektioun Munze vun der Gemeng Klierf, am Flouer Grossenpesch, ronn 200 m hanner dem fréiere Gemengenhaus, am Weste vum Duerf.
Geschicht
Den Alter vun den Eechen ass net bekannt, däerft awer 200 Joer erreechen.
Entwécklung
2008 konnt ee gesinn, datt déi zwéin Haaptäscht vun der déckster Eech mat engem stole Seel geséchert sinn. Déi ënnescht Eech huet den déckste Stamm an ass bannen huel.
| Joer | [1] | Bemierkung | ||
|---|---|---|---|---|
| 2000 | 1,81 | 0,58 | 25,00 | südleche Bam |
| 1,49 | 0,47 | 24,00 | nërdleche Bam |
= Ëmfang; = Duerchmiesser; = Héicht
Mat senge 25 m ass den ënneschte vun deenen zwéi Beem déi véiertdéckst Eech zu Lëtzebuerg (no den Eechen zu Heeschbreg, um Bicherhaff an zu Kaalmes)(Stand 2000).
Biller
- D'Eechen zu Munzen am Laf vum Joer
-
Fréijoer (Abrëll 2008)
-
Summer ()
-
Hierscht ()
-
Wanter ()
Literatur
- Murat, D. & M. Feldtrauer-Molitor (Koordinatioun), 2023. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Editeuren: Administration de la nature et des forêts (ANF) an natur&ëmwelt asbl. ISBN 978-2-9199474-3-0
- Bartimes, Mett et al. Les arbres remarquables 2002. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 2002. Print. ISBN 2-919877-05-4 (cf. S. 28-29, Foto an Text)
- Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 1981. Print.
Um Spaweck
Schabloun:Referenzen an Notten
- Quell vum Artikel wou net anescht uginn: (Les) Arbres remarquables… an der Literatur
- ↑ op Broschthéicht gemooss
