Eech um Schléiwenhaff

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Schabloun:Infobox Bam Schabloun:Kaartpositioun

De Stamm a Richtung Leidelenger Gare gesinn. Riets d'Gelänner vun der Bréck iwwer d'Elbetterbaach

D'Eech um Schléiwenhaff ass eng Eech (Quercus, Schabloun:Fr chêne, Schabloun:De Eiche) déi um Schléiwenhaff an der Gemeng Leideleng steet an déi wéinst hirem Alter an och der Plaz wou se steet, zënter 2002 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert.

Lokalisatioun

De Bam steet um Schléiwenhaff, an der Sektioun Leideleng vun der Gemeng mam selwechten Numm, um CR163 (rue de la Gare) dee vun der Leidelenger Gare op Leideleng féiert, beim Haus Nr 86. De Bam steet op engem Staatsterrain, nieft der Bréck iwwer d'Elbetterbaach .

Geschicht

Et gouf bis 2008 keng verëffentlecht Beschreiwung a Foto vun dësem bemierkenswäerte Bam.

Entwécklung

Ongeféier Moosse vum Bam (m)
Joer U[1] d h
2002 3,32 1,06 15,00

U = Ëmfang; d = Duerchmiesser; h = Héicht

Biller

Kuckt och

Literatur

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. Tabell S. 237, keen Text a keng Foto).
  • Murat, D. & M. Feldtrauer-Molitor (Koordinatioun), 2023. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Editeuren: Administration de la nature et des forêts (ANF) an natur&ëmwelt asbl. ISBN 978-2-9199474-3-0

Um Spaweck

Schabloun:Commonscat

Schabloun:Referenzen an Notten

  • Quell vum Artikel wou net anescht uginn: Les arbres remarquables… an der Literatur
  1. op Broschthéicht gemooss