Eech am Mouerbësch

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Schabloun:Infobox Bam Schabloun:Kaartpositioun

Deen aussergewéinleche Bamkriibs op der Eech am Mouerbësch

D'Eech am Mouerbësch, ass eng Eech (Quercus, Schabloun:Fr chêne, Schabloun:De Eiche) déi beim Schléiwenhaff an der Gemeng Leideleng steet an déi wéinst der spezieller Ausbreedung vun hirer Kränkt zënter 2023 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert.

Lokalisatioun

De Bam steet am Mouerbësch, westlech vum Lieu-dit Schléiwenhaff an der Kadastersektioun Leideleng vun der Gemeng Leideleng. Fir bei de Bam, geet e vum CR163 um Schléiwenhaff aus iwwer iwwer den Akerheckwee ronn 800 m bis bei den Ufank vum Bësch. Do wou de Makadamm ophält, geet ee lénks duerch d'Schneis, parallel mam Bord vum Bësch, bis een d'Eech no ronn 80 m op senger lénker Säit huet.

Geschicht

Entwécklung

Dës Eech leit un enger Krankheet, déi Bamkriibs (Schabloun:Fr chancre, vum lat. cancer) genannt gëtt, an déi an dësem Fall am ënneschten Deel vum Stamm eng Zort „Schwier“ vun enger aussergewéinlech Gréisst gebilt huet. Dëse Schwier ass op déi defensiv Reaktioun vum Bam op Bakteerien oder Pilzen déi d'Schuel attackéieren, zeréckzeféieren. Am Holz gëtt doropshin eng Zort Barriär gebilt, fir d'Andrénge vum Parasit ze verhënneren. Den infizéierten Tissu gëtt esou vun deem gesonden isoléiert, an d'Ausbreedung vun de Parasitte gëtt gebremst.

Ongeféier Moosse vum Bam (m)
Joer U[1] d h
2023 2,89 0,92 28,90

U = Ëmfang; d = Duerchmiesser; h = Héicht

Biller

Literatur

Kuckt och

Um Spaweck

Schabloun:Commonscat

Schabloun:Referenzen an Notten

  • Quell vum Artikel wou net anescht uginn: Les arbres remarquables… an der Literatur
  1. op Broschthéicht gemooss