Dichloromethan

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Schabloun:Infobox Chimie

Dichloromethan ass e chloréierte Kuelewaasserstoff mat der Formel CH2Cl2. Et ass ee vun de véier chloréierten Derivatsproduite vum Methan.

Physikalesch Eegenschaften

Dichloromethan ass eng beweeglech a flüchteg Flëssegkeet, déi änlech wéi Chloroform richt. En ass gutt léislech am Alkohol an am Ether, awer nëmme wéineg am Waasser.

Cheemesch Eegenschaften

Dichloromethan ass nëmme schwéier brennbar a forméiert mat Loft keen explosivt Gasgemësch.

Hierstellung

Dichloromethan gëtt duerch Substitutioun vum Waasserstoff duerch Chlor aus Monochloromethan hiergestallt.

CH3Cl+Cl2CH2Cl2+HCl

Uwendung

An der Industrie gëtt Dichloromethan als Léisungsmëttel benotzt. Donieft ass et en Ofbeezmëttel fir Lack a gëtt geholl fir Phosgen hierzestellen. Dichloromethan soll a loftdichte Behältere gelagert ginn.

Auswierkungen op d'Gesondheet

D'Dämp vum Dichloromethan si gëfteg a verursaache Kappwéi a Dronkenheet a reizen d'Aan. Si kënne bis zum Koma an Doud féieren. Wann een CH2Cl2-Dämp chronesch anotemt, triede Mo- and Daarmstéierungen a Symptomer vu Vergëftung op.

Literatur

  • Martindale, The Extra Pharmacopoeia, Thirtieth Edition

Um Spaweck