Chloroform

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Schabloun:Infobox Chimie

Chloroform oder Trichloromethan ass e chloréierte Kuelewaasserstoff mat der Formel CHCl3. Et ass ee vun de véier chloréierten Derivatsprodukter vum Methan.

Physikalesch Eegenschaften

Chloroform ass eng flüchteg a beweeglech Flëssegkeet. Si huet en agreabele Geroch a e brennende, séissleche Geschmaach. En ass léislech an organesche Léisungsmëttel wéi zum Beispill Alkohol, Ether an e bëssen am Waasser.

Cheemesch Eegenschaften

Chloroform ass net brennbar. Wann en der Loft an dem Liicht ausgesat ass, oxydéiert Chloroform lues a lues zu deenen héichgëftege Substanze Chlor a Phosgen. Fir dës graduell Oxydatioun ze stoppen a de Phosgen, den entstanen ass, ze zersetzen, enthält Chloroform ëmmer 1 bis 2 % Alkohol.

Hierstellung

Chloroform gëtt duerch d'Substitutioun vum Waasserstoff duerch Chlor aus Dichloromethan hiergestallt.

CH2Cl2+Cl2CHCl3+HCl

Uwendung

Fréier gouf Chloroform als Narkosemëttel duerch Anotme vun den Dämp benotzt. Mä en ass mëttlerweil duerch aner Produkter ersat ginn, well e gëfteg a geféierlech ass. Chloroform gëtt awer nach als Léisungsmëttel gebraucht. E soll a loftdichte Behälter gelagert ginn a vu Liicht an Temperaturen vu méi wéi 30 °C geschützt ginn.

Auswierkungen op d'Gesondheet

Et soll een den direkte Kontakt mat Chloroform vermeiden, well en d'Haut an d'Schläimhaut reizt an iwwer d'Haut an de Kierper gelaangt a den Organismus vergëft.

Literatur

  • Martindale, The Extra Pharmacopoeia, Thirtieth Edition

Um Spaweck

Schabloun:Commonscat