Bunnelement

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
6 Bunnelementer a, e, i, Ω, ω, T leeën d'Satellittebunn am Raum fest.

Sechs Bunnelementer (kuckt dozou Satellittebunnelement) leeën d'Bunn vun engem Himmelskierper, deen de Gesetzer vum Kepler am Schwéierfeld vun engem Himmelskierper (Zwéikierperproblem) follegt, eendeiteg fest.

Zwee Bunnelementer definéieren d'Form vun der Bunnellips, dräi Elementer bestëmmen d'Lag am Raum an een Element leet den Zäitbezuch fest.

D'Bunnelementer vu Satellitte baséieren och op de 6 Bunnelementer vun enger Keplerbunn. Si enthalen normalerweis weider Parameter, fir Bunnstéierungen anzebezéien.

Elementer

D'Beschreiwung vun der Bunnkurv-Gestalt erfuerdert zwéi Wäerter, déi d'Form an d'Gréisst festleeën:

Doraus ofgeleet ginn:

Lagelementer

D'Lag am Raum relativ zu engem Referenzsystem gët duerch dräi Parameter bestëmmt:


Zäitbezuch

Den Zäitbezuch leet den Zäitnullpunkt fest:

  • Epoch t vum Perihelduerchgank vum Kierper:

Abgeleete Gréisste

Donnéeë vu Bunnelementer

D'Donnéeën als 6-Tupel (p, e, i, Ω, ω, T) bezeechent een als klassesch Bunnelementer.[1] Donieft gëtt et och aner Méiglechkeeten, déi dem jeeweilege Fall ugepasst sinn, an da meeschtens kanonesch an engem Formalismus gereegelt sinn:

Iwwersiicht

Bunnelement Nëtzlechkeet
Bunnelement Bezuch Symbol Dimensioun Ellips Parabel / Hyperbel
Exzentrizitéit Form e, ε 1 Jo Jo
Exzentrizitéitswénkel Form Φ 1 Jo Nee
Hallefparameter Gréisst p Längt Jo Jo
Periapsis Gréisst q Längt Jo Jo
Grouss Hallefachs Gréisst a, α Längt Jo Nee
Inklinatioun Lag i Wénkel Jo Jo
Argument vum Knuet Lag Ω Wénkel Jo deelweis
Argument vun der Periapsis Lag ω Wénkel Jo Jo
Mëttel Beweegung Zäitverhalen μ, n, V 1 / Zäit Jo Jo
Wénkelvitesse Zäit-Plazverhalen
Wénkel / Zäit Jo Jo
Mëttel Anomalie Bunnplaz M Wénkel Jo Nee
Mëttel Längt Bunnplaz λ, L Wénkel Jo Nee
Radiusvektor Bunnplaz R Längt Jo Jo
Ëmlafperiod Zäitbezuch P Zäit Jo Nee
Periapsiszäit Zäitbezuch T, τ Zäit Jo Jo

Literatur

  • Andreas Guthmann: Einführung in die Himmelsmechanik und Ephemeridenrechnung. BI-Wiss.-Verl., Mannheim 1994, ISBN 3-411-17051-4
  • Wolfgang Vollmann: Wandelgestirnörter. In: Hermann Mucke (Hrsg.): Moderne astronomische Phänomenologie. 20. Sternfreunde-Seminar, 1992/93. Zeiss Planetarium der Stadt Wien und Österreichischer Astronomischer Verein 1992, S. 55–102 (Websäit vum Astronomesche Büro, 3.Feb.2011)
  • Jean Meeus: Astronomical Algorithms. Willmann-Bell, Richmond 1991, ISBN 0-943396-35-2

Kuckt och

Schabloun:Kuckt och Portal:Astronomie

Um Spaweck

Schabloun:Referenzen

  1. Guthmann, S. 163
  2. Vollmann, 8.1