Turingmaschinn

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Turingmaschinn Modell Davey

Eng Turingmaschinn ass een einfache mathematesche Modell vun engem Rechenautomat, dee 1936 vum brittesche Mathematiker, Kryptoanalytiker a Computerconstructeur Alan Turing definéiert gouf. D'Church-Turing Thees seet, dat all déi am intuitive Sënn berechebar Funktioune mat enger Turingmaschinn geléist kënne ginn.

Definitioun

Informell Beschreiwung

Eng 1-Band Turingmaschinn

D'Turingmaschinn besteet aus dräi Deeler:

  • engem no béide Säiten onendlech laangem Band, wat a gläich grouss Zellen agedeelt ass. All Zell ka just een Zeechen ophuelen.
  • enger Steiereenheet oder Kontrolleenheet mat endlech villen Zoustänn.
  • engem beweegleche Lies-/Schreifkapp.

Aarbechtsweis

Am Ufank ass d'Maschinn am Startzoustand an de Kapp steet op deem éischten Zeeche vun der Eingabe. D'Maschinn liest Zeechen a ënner dem Kapp a féiert an Ofhängegkeet vun a an dem Zoustand q eng Aktioun aus. Dobäi gëtt een Zeeche b op déi aktuell Positioun vum Kapp op d'Band geschriwwen. De Kapp beweegt sech eng Positioun no lénks (L), riets (R) oder bleift stoen (N) an d'Kontroll geet an een neien Zoustand q iwwer. Elo gëtt nees een Zeeche gelies a sou weider. D'Berechnung ass fäerdeg, wann d'Kontroll an een Endzoustand gaangen ass.

Formal Definitioun

Eng Turingmaschinn ass en 7-Tupel

M=(Q,Σ,Γ,δ,q0,,E), woubäi

  • Q ass den endlechen Ensembel vun Zoustänn,
  • Σ ass d'Eingabealphbet,
  • Γ ass d'Bandalphabet (ΓΣ),
  • δ:Q×ΓQ×Γ×{L,R,N} ass d'Iwwergangsfunktioun,
  • q0Q ass de Startzoustand,
  • ΓΣ steet fir e Blank
  • EQ ass den endlechen Ensembel vun Endzoustänn

Informell bedeit:

δ(q,a)=(q,b,m)

Wann d'Turingmaschinn M am Zoustand q an dat aktuellt Zeechen a ass, da geet M an den Zoustand q iwwer, iwwerschreift a duerch b a mécht d'Kappbeweegung m{L,R,N}.

Beispill

Déi follgend Turingmaschinn M erwaart eng Rei vun aen als Eingabe a verduebelt dës da mat engem Blank (representéiert als o) an der Mëtt:

M=({q0,q1,q2,q3,q4,qe},{a},{a,o},δ,q0,o,{qe})

δ(q0,a)=(q1,o,R) δ(q0,o)=(qe,o,N)

δ(q1,a)=(q1,a,R) δ(q1,o)=(q2,o,R)

δ(q2,o)=(q3,a,L) δ(q2,a)=(q2,a,R)

δ(q3,a)=(q3,a,L) δ(q3,o)=(q4,o,L)

δ(q4,a)=(q4,a,L) δ(q4,o)=(q0,a,R)

Wann d'Maschinn M zum Beispill mat der Eingabe aa gestart gëtt, da stoppt se mat aaoaa um Band. Si mécht follgend Schrëtt:

q0aaoq1aoaq1ooaoq2ooaq3oaoq4aoaq4oaoaaq0aoaaoq1oa aooq2aaooaq2oaooq3aaaoq3oaaaq4ooaaaaq0oaaaaqeoaa

Variante vun Turingmaschinnen

Eng k-Band Turingmaschinn besteet aus k Bänner mat all Kéier engem eegene Lies-Schreifkapp. Dës Käpp kënne sech onofhängeg vunenee beweegen. Wichteg ass, dat dës k-Band Turingmaschinnen awer net méi mächteg sinn: zou all k-Band Maschinn existéiert eng equivalent 1-Band Turingmaschinn.

Literatur

  • Uwe Schöning: Theoretische Informatik - kurzgefasst. Spektrum Akademischer Verlag, 2001.
  • Renate Winter: Theoretische Informatik. Oldenbourg Verlag, 2002.
  • Rolf Herken (Erausg.): The Universal Turing Machine - A Half-Century Survey, Hamburg, Verlag Kammerer/Unverzagt, 1987. D'Buch ass eng Sammlung vun 30 wëssenschaftrleche Originalaufsätz fir de 50. Joresdag vun der Erfindung vum abstakten Universalcomputer duerch den Turing.

Um Spaweck

Schabloun:Commonscat