Superstärekoup

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Superstärekoup (kleng hell Punkte) op enger Hubble-Space-Telescope-Foto vun der Galaxie Arp 220

Superstärekéip si Kéip vun Honnertdausende vu jonke Stären an engem Gebitt vun e puer Parsec. Dobäi ioniséieren déi jonk masseräich Stären dacks d'H-II-Regioune ronderëm, grad wéi an eiser Mëllechstrooss sougenannt Ultra dense H-II regions (UDHIIs).[1]

Iwwersiicht

Normalerweis entsti Stären a klenge Gruppen, dacks a sougenannte Oppene Stärekéip, déi an der Reegel e puer honnert Stären hunn. D'Astronome ginn haut dovun aus, datt och eis Sonn viru 4,5 Milliarde Joer a sou enger Ëmgéigend entstanen ass. Méiglecherweis entwéckele sech Superstärekéip mat fortgeschrattenem Alter vun hire Stären, weider zu Kugelstärekéip. Als besonnesch Charakteristik gëllt hir héich Elektronendicht vun P/kb=1071010 K cm 3.[2] Superstärekéip representéieren déi extremst Ëmgéigend, an där Stären a Planéiten iwwerhaapt entstoe kënnen. Et fënnt ee se dacks a Starburstgalaxien.

Beispiller

E Superstärekoup an eiser Galaxis ass de Westerlund 1.[3] Westerlund 1 huet Honnerte vu masseräiche Stären. E puer vun hinnen hunn eng bis zu 1 milliounefach Sonneliichtkraaft a ronn 2.000 Sonnenduerchmiesser, wat ongeféier enger Ausdeenung bis zum Saturnorbit entsprécht. E weidert Beispill an der galaktescher Noperschaft ass den R136 am Tarantelniwwel vun der Grousser Magellanescher Wollek, eng Zwerggalaxie déi d'Mëllechstrooss ëmkreest.[4]

Kuckt och

Schabloun:Kuckt och Portal:Astronomie

Um Spaweck

Schabloun:Referenzen