Stroumstäerkt

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Schabloun:SkizzPhysik Schabloun:Infobox Physikalesch Gréissten Als Stroumstäerkt versteet een d'Stäerkt vun engem elektresche Floss. D'Eenheet vun der Stroumstäerkt ass Ampère.

Definitioun

I=dQdt

SI Eenheet: Ampère (A) = Coulomb (C) pro Sekonn (s)


Stroumstäerkt definéiert d'Zuel vun Elementarluedungen dQ déi pro Zäiteenheet dt duerch en elektresche Leeder lafen[1]. D'Eenheet vun der Stroumstäerkt, den Ampère (A), ass nom franséische Physiker André-Marie Ampère (1775-1836) genannt ginn an ass einfach definéiert als ee Coulomb an enger Sekonn:

1A=1Cs

Fir d'SI-Definitioun vum Ampère kuckt den Artikel Ampère.

Wierkung

Aarbecht

An der Gläichstroumtechnik: Stroumstäerkt, multiplizéiert mat der Spannung, entsprécht der Leeschtung (Watt). Gëtt d'Leeschtung iwwer eng gewëssen Zäit gekuckt, schwätzt ee vun de elektrescher Aarbecht (Wattsekonnen).

Elektromagnéitismus

Gëtt e Leeder vun engem elektresche Stroum duerchfloss, entsteet duerch Induktioun e Magnéitfeld ronderëm dee Leeder. Dowéinst musse Kabelen, déi iwwer eng gewëssen Zäit parallel zouenee lafen, ofgeschiermt ginn (bei der Telekommunikatioun fir Feeler ze verhënneren) oder an engem respektabelen Ofstand zouenee sinn. Besonnesch bei Héichspannungsleitung muss de Magnéitismus mat agerechent ginn, well d'Magnéitfeld staark genuch ass fir d'Kabelen aus der Verankerung ze rappen a méiglecherweis Leit ze blesséieren.

Dësen Effet ass och de Prinzip vun engem Elektromagnéit, wéi en z. B. an Elektromotoren, a Generatoren oder a Relaisen zum Asaz kënnt.

Schabloun:Referenzen

  1. James S. Walker, Physics, second international edition, Pearson Eduaction, Inc., New Jersey, 2004; S. 678