Stralungsenergie

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Stralungsintensitéit vun der Sonn iwwer an op der Äerduewerfläch

D'Stralungsenergie ass eng physikalesch Gréisst vun der Radiometrie. Si ass d'Energie vun der elektromagnéitescher Stralung, beispillsweis vum Liicht.

Beschreiwung

Wann een d'elektromagnéitesch Stralung (hei nëmmen als Liicht bezeechent) vereinfacht als Stroum vu Photone kuckt, dann ass d'Stralungsenergie déi Energie déi an deem Stroum transportéiert gëtt.

D'Energie vun engem Photon ass nëmme vun der Frequenz ofhängeg:

E=hf

mam Wierkungsquantum vum Planck h an der Frequenz vun der Well f.

Fir monochromatescht (eefaarwegt) Liicht ergëtt sech d'Stralungsenergie dofir als Produkt vun der Photonenzuel an hirer Energie:

Eg=Nhf,

woubäi N d'Zuel vun de Photone ass.

An der Reegel besteet d'Liicht awer aus Photone mat ënnerschiddlecher Energie (et ass polychromattsch, dat heescht méifaarweg).

Zu der allgemenger Beschreiwung vun der Stralungsenergie muss een dofir d'spektral Verdeelung beuechten:

n(f)=dNdf

Fir d'Stralungsenergie ergëtt sech dofir:

Eg=h0n(f)f df

Kuckt een d'Zäit, an där eng gewësse Stralungsenergie transportéiert gëtt, ergëtt sech d'Stralungsleeschtung Φe (oder Stralungsfloss genannt): Φe=dEdt.

Benotzung an der Photometrie

An der Photometrie gëtt amplaz vun E fir d'Energie Q benotzt. Dat ass kee Feeler: Well d'Physik vill méi Gréisste kennt, wéi dat latäinescht an dat griichescht Alphabet Zeechen hunn, ergëtt et sech heiansdo, datt en Zeechen a verschiddene Kontexter verschidde benotzt gëtt. An der Photometrie gëtt speziell fir d'Stralungsenergie (uewen als Eg bezeechent) d'Formelzeechen Qe benotzt. Heibäi steet den Index e fir eng energeetesch Moossgréisst; den Index v (fir visuell) gëtt an der Photometrie fir Moossgréisste gebraucht, déi di physiologesch Eegenschaften vum mënschlechen A urechnen.

Kuckt och

Schabloun:Kuckt och Portal:Astronomie