Séisskäschtebam um Pläitrengerhaff

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Schabloun:Infobox Bam Schabloun:Kaartpositioun De Séisskäschtebam um Pläitrengerhaff ass e Séisskäschtebam (Castanea sativa; Schabloun:Fr châtaignier; Schabloun:De Esskastanie) deen zu Pläitreng an der Gemeng Conter steet. Well et den imposantste Bam vu senger Aart zu Lëtzebuerg ass a wéinst dem Duerchmiesser vu sengem schéine Stamm, gehéiert en zënter 1981 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.

Lokalisatioun

De Bam steet an der Sektioun Mutfert a Méideng vun der Gemeng Conter, hannenaus am Bongert nieft dem Pläitrengerhaff.

Geschicht

Entwécklung

De Bam gehéiert zu den déckste Beem am Land(1981: den 30. déckste Bam).

Ongeféier Moosse vum Bam (m)
Joer U[1] d h
1981 4,55 1,45
2000 5,00 1,59
2023 5,37 1,71 17,90

U = Ëmfang; d = Duerchmiesser; h = Héicht

Biller

Literatur

  • Murat, D. & M. Feldtrauer-Molitor (Koordinatioun), 2023. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Editeuren: Administration de la nature et des forêts (ANF) an natur&ëmwelt asbl. ISBN 978-2-9199474-3-0 (cf. S. 194-197, Foto an Text)
  • Bartimes, Mett et al. Les arbres remarquables 2002. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 2002. Print. ISBN 2-919877-05-4 (cf. S. 148-149, Foto an Text)
  • Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 1981. Print. (cf. Tabell S. 163; keng Beschreiwung a keng Foto vum Pläitrenger Séisskäschtebam an dësem Buch)

Kuckt och

  • Pläitreng
  • Aner bemierkenswäert Beem um Pläitrengerhaff:
Zwou Eeche beim Weier
Zwou Lannen am Agank vum Haff
Zwéi Spierebeem am Bongert

Um Spaweck

Schabloun:Commonscat

Schabloun:Referenzen an Notten

  • Quell vum Artikel wou net anescht uginn: (Les) Arbres remarquables… an der Literatur
  1. op Broschthéicht gemooss