Richtungswénkel

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
D'Definitioun vum Richtungswénkel

De Richtungswénkel (normalerweis mat t bezeechent) ass eng Bezeechnung an der Mathematik a Geodesie fir de Wénkel tëscht der Nordrichtung (Gitternord) an enger Linn oder Streck. De Richtungswénkel vun enger Streck vum Punkt A op de Punkt E gëtt vun der Parallel zu der no Norden ausgeriichter x-Achs duerch de Punkt A aus rechtleefeg, dat heescht am Auerzäresënn, uginn.

Gebräichlech Schreifweise fir de Richtungswénkel sinn tAE oder tA,E. Dobäi bezeechent den Index A den ufankspunkt an den zweeten Index E den End- oder Zilpunkt.

Fir de Richtungswénkel an engem geodetesche Koordinatesystem, d. h. mat geodetesch positivem oder mathematesch negativem Dréisënn, gëllt follgend Bezéiung:

tantAE=yEyAxExA=ΔyΔx.

Bei der polarer Koordinateberechung aus kartesesche Koordinaten muss de Quadrant beuecht ginn, an deem de Richtungswénkel läit. Dozou eegent sech d'Funktioun atan2:

tAE=atan2(yEyA,xExA)=atan2(Δy,Δx).