Radiant (Eenheet)

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Radiant
Eenheetezeechen rad
PhysGréisst Plang Wénkel
Formelzeechen α,β,γ...
Dimensioun LL=𝟣
System SI
SI 1rad=11m1m=1
CGS
Benannt nom radius
Kuckt och Wénkelmooss
De Wénkel, deen op dem Kreesëmfank d'Längt vum Radius markéiert, ass 1 rad, de Vollwénkel also 2π rad.

De Radiant (Eenheetenzeechen: rad) ass eng Wénkelmooss, bei deem de Wénkel duerch d'Längt vum entspriechendem Kreesbou am Eenheetskrees uginn gëtt. Wéinst dem Ubléck vum Kreesbou zu der Kennzeechnung vum Wénkel gëtt Angab "am Boumooss" oder Bouwénkel genannt. D'Boulängt vun engem Wénkel ass proportional dem Radius r. Op engem Krees mat 5 cm Radius markéiert e Wénkel vun 1 rad also engem 5 cm laange Bou. De Vollkrees (360°) huet d'Boulängt U=2πr, also huet de Vollwénkel 2π rad.

A ville Berechnungen an der Physik an an der Mathematik ass d'Boumooss dat zweckméissegst Wénkelmooss, kuckt z. B. d'Wénkelvitess a Sinus a Cosinus.

Am Internationalen Eenheetesystem (SI) ass de Radiant den Numm fir déi dimensiounslos, kohärent, ofgeleet SI-Eenheet m/m. Si ass also eng Hëllefsmoosseenheet a kann a Rechnungen einfach duerch 1 ersat ginn, d. h. 1 rad = 1. D'Eenheet ka mat SI-Prefixe kombinéiert ginn, z. B. mrad fir Milliradiant.

Ëmrechnung tëscht Radiant a Grad

Dacks benotzte Wäerter:
Grad Radiant
180 π3,1416
90 12π1,5708
45 14π0,7854
571745 1
57,29577951
1 π18017,45mrad
3,44 1mrad=0,001
1 4,85μrad

Wëssenschaftlech Täscherechner berechnen Wénkelfunktioune fräi a Grad oder a Radiant, heiansdo zousätzlech och a Gon. D'Modi zu der Berechnung heeschen op de meeschten Täscherechnern "DEG" (vum engleschen degree fir Grad, "RAD" respektiv GRA (oder D R G).

Wénkelfunktiounen a mathematesche Bibliotheke fir Programméiersproochen an a Programmer fir Tabellekalkulatioun benotzem ëmmer d'Boumooss; Graddonneeë mussen ëmgerechent ginn. De Vollwénkel huet 2 π Radiant oder 360 Grad, dofir gëllt:

2πrad=360
1rad=3602π=180π57,29577951

oder:

1=2π360rad=π180rad0,017453293rad

De Faktor fir d'Ëmrechnung vum Radiant op Grad ass also 180π (=1rad=1)

Beispiller:

  • α=32πrad=32π180π=32180=270
  • β=45=45π180=π4=π4rad

Um Spaweck

Schabloun:Commonscat