Parameter (Mathematik)

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Als Parameter oder Formvariabel, gëtt an der Mathematik eng Variabel bezeechent, déi zesumme mat anere Variabelen optrëtt, awer vun anerer Qualitéit ass. Et schwätzt een och dovun, datt e Parameter eegemächteg, awer fest ass. Hien ënnerscheet sech domat vun enger Konstant doduerch, datt de Parameter nëmme fir e grad gekuckte Fall konstant ass, fir de nächste Fall awer variéiert ka ginn.

An der Equatioun y=bx2 sinn souwuel bwéi och x Variabelen. Jee nodeem, ob b oder x als Parameter betruecht gëtt, gëtt duerch y=bx2 dann eng Funktioun vun den iwwrege Variabelen beschriwwen mat jee ënnerschiddlechem Charakter:

  • Hält ee b fest, dann ergëtt sech eng quadratesch Funktioun mat y=f(x)=bx2, där hire Graph eng Parabel mat der Ëffnung b ass. Dës Ëffnung b hänkt vun der spezieller Wal vum Parameter b of.
  • Wann ee x festhält dann ergëtt sech eng linear Funktioun mat y=f(b)=x2b, där hire Graph eng Linn mat der Pente m=x2 duerch den Urspronk vun der y-b-Fläch duerstellt. D'Pente m hänkt vun der spezieller Wiel vum Parameter x of.

Wann een noenee verschidde Wäerter fir e Parameter asetzt, da kritt een eng Kurvefamill.

Beispillsweis kann e Parameter p de Graph vun enger Funktioun mat y=f(x) op verschidden Aart a Weise beaflossen:

  • y=f(x)+p: Eng Verännerung vum Parameter p géigeniwwer vu p=0 ergëtt eng Verrécklung vum Graph a Richtung vun der y-Achs ëm p Eenheeten.
  • y=f(x+p): Eng Verännerung vum Parameter p gegenüber vu p=0 ergëtt eng Verrécklung vum Graph a Richtung vun der x-Achse ëm p Eenheeten.
  • y=pf(x): Eng Veränderung vum Parameter p géigeniwwer vu p=1 ergëtt eng Streckung oder Stauchung a Richtung vun der y-Achs. Wann de Betrag vu p méi kleng wéi 1 ass, da kritt een eng Stauchung. Wa p negativ ass, da gëtt de Graph zousätzlech op der x-Achs gespigelt.
  • y=f(px): Eng Verännerung vum Parameter p géigeniwwer vu p=1 ergëtt eng Streckung oder Stauchung a Richtung vun der x-Achs. Wann de Betrag vun p méi kleng wéi 1 ass, da kritt een eng Streckung. Wa p negativ ass, dann gëtt de Graph zousätzlech op der y-Achs gespigelt.

Fir e weidert Benotze vum Begrëff Parameter an der Mathematik kuckt: Parameterduerstellung.

Per Konventioun gi Parametere meeschtens mat Buschtawe vum Ufank vum laténgeschen oder griicheschen Alphabet bezeechent (a,b,c, oder mat Indicen a1,a2,a3, oder α,β,γ, etc.), Variabelen dogéint mat Buschtawe vum Alphabetenn (x,y,z;x1,x2,;ξ1,ξ2,).

Literatur

Um Spaweck