pH-Wäert

De pH-Wäert (gekierzt fir Potenzial vun Hydrogen, Laténgesch pondus hydrogenii oder potentia hydrogenii) ass eng Mooss fir de saueren oder basesche Charakter vun enger wässereger Léisung unzeginn. Et ass déi entgéintgesat Zuel vum dekadesche Logarithmus (Logarithmus vun zéng) vun der Waasserstoffionen-Aktivitéit an eng Gréisst vun der Dimensioun Zuel (fréier: dimensiounslos Gréisst). Wat d'Konzentratioun vu Waasserstoffionen () an der Léisung méi héich ass, wat de pH-Wäert méi niddereg ass.
Mat Bezuch op d'Gläichgewiichtskonstant fir d'Autoprotolys vum Waasser (10−14 mol2l−2), gëtt eng verdënnt wässereg Léisung vu 25° C mat engem pH-Wäert vu manner wéi 7 „sauer“ genannt, eng mat engem pH-Wäert vu 7 ass „neutral“ an eng mat engem pH-Wäert vu méi wéi 7 ass „basesch“ oder „alkalesch“.
Analog zum pH-Wäert ass de pOH-Wäert déi entgéintgesat Zuel vum dekadesche Logarithmus vun der Mooss vun der Hydroxidion-Aktivitéit (a oder ).
Beispiller vum ph-Wäert
| Substanz | pH-Wäert | Aart |
|---|---|---|
| Batteriesaier | < 1 | sauer |
| Mosaier (eniichtere Mo) | 1,0 – 1,5 | |
| Zitrounejus | 2,4 | |
| Cola | 2,0 – 3,0 | |
| Esseg | 2,5 | |
| Kiischtejus (Morell) | 2,7 | |
| Orangëjus an Äppeljus | 3,5 | |
| Wäin | 4,0 | |
| Sauer Mëllech | 4,5 | |
| Béier | 4,5 – 5,0 | |
| Sauere Reen (aus verknaschter Loft) | < 5,0 | |
| Kaffi | 5,0 | |
| Téi | 5,5 | |
| Hautuewerfläch vum Mënsch | 5,5 | |
| Reen | 5,6 | |
| Mineralwaasser | 6,0 | |
| Mëllech | 6,5 | |
| Mënschleche Spaut | 6,5 – 7,4 | sauer bis alkalesch |
| Rengt Waasser (CO2-fräi) | 7,0 | neutral |
| Blutt | 7,4 | alkalesch |
| Mierwaasser | 7,5 – 8,4 | |
| Pankreassaft (Bauchspeicheldrüs) | 8,3 | |
| Seef | 9,0 – 10,0 | |
| Haushalts-Ammoniak | 11,5 | |
| Bleechmëttel | 12,5 | |
| Bëtong | 12,6 | |
| Natronlaug | 13,5 – 14 | |
| Legend | ||
| gro hannerluecht | Bestanddeel vum mënschleche Kierper | |
| Faarwe vum universalen Indicateur | ||