Norbert Poncin

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Schabloun:Infobox Biographie Den Norbert Poncin, gebuer de 16. Januar 1958 zu Péiteng, ass e lëtzebuergesche Mathematiker an Universitéitsprofesser.

Studium a Karriär

Hien huet säin Doktorat op der Universitéit vu Léck ënnert der Supervisioun vum Marc De Wilde a vum Pierre Lecomte gemaach[1] a krut eng postdoktoral Ausbildung beim Jaunsz Grabowski vun der Polnescher Akademie vun de Wëssenschaften[2] zu Warschau.

Seng Karriär huet hien als Mathematiksenseignant zu Dikrech am Kolléisch ugefaangen (1984-1989), gouf duerno Chargé de cours (1989-1995) a Professer (1995-2003) um Centre universitaire, a Voll-Professer op der Universitéit Lëtzebuerg (2003-2023). Säit 2023 ass hien Emeritéierte Professer a schafft am Consultingsberäich.

Afloss op d'Entwécklung vun der Mathematik zu Lëtzebuerg

Um Centre universitaire war de Norbert Poncin ee vun de Responsabele vum mathematesche Seminär vu Lëtzebuerg (1998-2002), deen eng féierend Roll an der Unterrechts- a Fuerschungseenheet an der Mathematik gespillt huet. Hien ass ee vun de Grënner an den éischten Direkter vum Mathematiksdepartement[3] vun der Universitéit Lëtzebuerg (2002-2004). An dëse Funktiounen huet hie gehollef d'Transitioun vun der Mathematik vum fréiere quasi-universitären edukativen System um Centre universitaire zum neien System op der Universitéit ze gestallten. Duerno huet hien um Opbau an un der Weiderentwécklung vum der mathematescher Fuerschung op der Uni Lëtzebuerg matgewierkt (2003-2023).

Tëschent 2004 an 2022 war den Norbert Poncin un der Organisatioun vun enger 20 Workshoppen a Konferenzen an éischter Rei bedeelegt[4][5][6][7][8]. Des Weidere war hien an der Organisatioun vun Eventer am Kader vum Weltjoer vun der Mathematik 2000 involvéiert. Dat gouf vun der Organisatioun fir Erzéiung, Wëssenschaft a Kultur vun de Vereenten Natiounen ënnerstëtz a gouf vun der Internationaler Mathematiksunioun, op Initiativ vun der Lëtzebuerger Mathematescher Societéit proklaméiert.

Hien ass Matgrënner vun enger Rei Studiegäng a war den éischten Direkter vum Master an der Mathematik[9][10][11] (2009-2019) a vum Master am Secondaireunterrecht an der Mathematik[12][13] (2016-2019) vun der Uni Lëtzebuerg.

Fuerschung

De Norbert Poncin huet eng 50 Fuerschungsaarbechten[2][14] (1998-2023) verëffentlecht a Beiträg zu verschiddene Gebidder vun der Mathematik gemaach, dorënner Differenzialoperateuren, algebresch Topologie, algebresch Aspekter an der Geometrie, Héijer Algebra, Supergeometrie an homotopesch algebresch Geometrie. Zesumme mat verschiddene Coauteuren huet hien eng Generalisatioun vun der Supergeometrie agefouert a studéiert, déi ënner dem Numm 2n-Geometrie[15] bekannt gouf.

Ausgewielt Artikelen

  • F. Boniver, S. Hansoul, P. Mathonet & N. Poncin, Equivariant symbol calculus of differential operators acting on forms, Letters in Mathematical Physics, 62 (2002), 19–232
  • N. Poncin, F. Radoux & R. Wolak, Equivariant quantisation of orbifolds, Journal of Geometry and Physics, 60(9) (2010), 1103-1111
  • N. Poncin, On the cohomology of the Nijenhuis-Richardson graded Lie algebra of the space of functions of a manifold, Journal of Algebra, 243(1) (2001), 16-40
  • J. Grabowski & N. Poncin, Automorphisms of quantum and classical Poisson algebras, Cambridge University Press, Compositio Mathematica, 140(2), 511-527
  • J. Grabowski, A. Kotov & N. Poncin, Geometric structures encoded in the Lie structure of an Atiyah algebroid, Transformation Groups, 16(1) (2011), 137-160
  • G. Bonavolonà & N. Poncin, On the category of Lie n-algebroids, Journal of Geometry and Physics, 73 (2013), 70-90
  • T. Covolo, V. Ovsienko & N. Poncin, Higher trace and Berezinian of matrices over a Clifford Algebra, Journal of Geometry and Physics 62(11) (2012), 2294-2319
  • T. Covolo, J. Grabowski & N. Poncin, The category of 2n-manifolds, Journal of Mathematical Physics, 57(7) (2016), 073503
  • N. Poncin & S. Schouten, The Geometry of Supersymmetry - A Concise Introduction, Graduate Journal of Mathematics 8(1) (2023), 1-57
  • A. Govzmann, D. Pistalo & N. Poncin, A new approach to model categorical homotopy fiber sequences, Dissertationes Mathematicae 581 (2022), 1-57

Didaktik vun der Mathematik

Hien huet sech fir d'Fërderung vum Entdeckungsunterricht an der Héichschoulmathematik agesat, an als Deel vun dësem Engagement huet hien un déi 20 verschidde Coursen an der Mathematik, Physik, Ingenieurswëssenschaften, Statistik an der Didaktik vun der Mathematik enseignéiert.

Benevolat

De Norbert Poncin war Tresorier (1994-2002), Vizepresident (2002-2006) a President (2006-2010) vun der Lëtzebuerger Mathematescher Societéit[16] an ass Vollmember vun der wëssenschaftlecher Sektioun vum Institut Grand-Ducal[17].

Schabloun:Referenzen

Schabloun:Autoritéitskontroll