Mersenne-Primzuel

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Eng Primzuel vun der Form 2n1 gëtt Mersenne-Primzuel genannt, an dat dem franséische Geeschtlechen a Mathematiker Marin Mersenne (1588-1648) zu Éieren. Et kann ee beweisen, datt eng Zuel vun der Form 2n1 héchstens dann eng Primzuel ka sinn, wann och n schonn eng Primzuel ass: Well wann n=pq eng zesummegesat Zuel ass, gesäit een opgrond vun der Faktorisatiounsformel (2p)q1=(2p1)(1+2p+22p++2(q1)p), datt och déi entspriechend Mersenne-Zuel keng Primzuel ka sinn. Et gëtt weider ugeholl, datt onendlech vill Mersenne-Primzuele existéieren; dat konnt awer nach net bewise ginn. Déi éischt Mersenne-Primzuelen ergi sech fir d'Exponenten n=2,3,5,7,13,17,19,31,61,89,107,127,521,607,1279, Ausserdeem sinn déi gréisst bekannte Primzuelen Mersenne-Primzuelen, well et fir dëse speziellen Zuelentyp am Ament déi bescht (d. h. déi séierst a sécherst) Primzueltester ginn.

Um Spaweck