Lincoln Near Earth Asteroid Research

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

De Lincoln Near Earth Asteroid Research (Lincoln-Institut fir d'Erfuersche vun äerdnoen Asteroiden ), kuerz LINEAR, ass e Projet vum Massachusetts Institute of Technology fir d'Himmelsiwwerwaachung mat dem Zil, all äerdno Asteroide virun enger Kollisioun mat der Äerd zäiteg z'entdecken. Déi fir dee Projet agesat GEODSS-Instrumenter sinn um Testterrain vum Lincoln-Institut op der White Sands Missile Range zu Socorro am US-Bundesstaat New Mexico installéiert. Déi gewonnenen Date gi fir d'Auswäertung un d'Lincoln-Institut op der Hanscom Air Force Base zu Lexington am US-Bundesstaat Massachusetts geschéckt.

Entdeckungen

De Projet gëtt vun der US-Loftwaff an der US-Raumfaartagentur NASA finanzéiert. Zanter dem Ufank vum Projet am Joer 1996 goufen 225.957 nei Objeten identifizéiert, dorënner 2.019 bestätegt Äerdbunnkräizer (Stand: 31. Dezember 2007).

An der Rumm vum Iwwerwaachungsprogramm goufen och en ettlech Koméiten entdeckt; mat Stand vum 31. Dezember 2007 waren et 236 bestätegt Koméiten. All déi Koméiten hunn dofir den Zousaznumm LINEAR oder – wann d'Entdeckung gläichzäiteg mat engem aneren Observateur oder enger anerer Observatiounsgrupp gelongen ass – e kombinéierten, wéi z. B. LINEAR-NEAT. Besonnesch Bedeitung kënnt dem Koméit mat der Bezeechnung C/2002 T7 (LINEAR) zou, deen de 14. Oktober 2002 entdeckt gouf an am Mee 2004 eng Visuell Magnitude vu ronn 2m erreecht hat.

Ongeféier zur gläicher Zäit hat och de Koméit C/2001 Q4 (NEAT) seng gréisst Hellegkeet erreecht, soudatt vun der südlecher Hemisphär vun der Äerd gläichzäiteg zwéin hell Koméite mat bloussem A ze gesi waren. Fir Observateuren op der nërdlecher Hemisphär waren d'Siichtbedingunge fir de Koméit C/2002 T7 (LINEAR) ongënschteg.

Bemierkenswäert ass och de Koméit C/1999 S4 (LINEAR), deem säi Kär beim Ëmlaf ronderëm d'Sonn am August 1999 zerbrach ass. De Koméit hat sech uschléissend bannent e puer Deeg praktesch vollstänneg opgeléist.

Kuckt och

Schabloun:Kuckt och Portal:Astronomie

Um Spaweck