Lannenallee um Gréiwelsser Haff
Schabloun:Infobox Bam Schabloun:Kaartpositioun


D'Lannenallee um Gréiwelsser Haff ass eng Allee mat haaptsächlech Lannen (Tilia, Schabloun:Fr tilleul, Schabloun:De Linde) zu Bartreng, op der Héicht vun der Gréiwelsser Barrière. Wéinst hirem Gesamtandrock zielt d'Lannenallee zënter 2002 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.
De geneeën Alter vun der Allee ass net bekannt an et ass och net gewosst ob et sech ëm Summer- (Tilia platyphyllos) oder Wanterlannen (Tilia cordata) handelt.
Lokalisatioun
D'Lannen, tëscht deene vereenzelt Eschen an Eeche stinn, stinn an enger Allee, déi op der Héicht vun der Gréiwelsser Barrière vun der Lonkecher Strooss (E44 / N5) bis bei dat éischt Wunnhaus beim Haff féiert. Se läit an der Sektioun Luerenzscheier vun der Gemeng Bartreng.
Geschicht
Bis elo (2024) gouf et op Pabeier nach keng Verëffentlechung mat der Beschreiwung a Fotoe vun dëser Allee.
Entwécklung
| Joer | [1] | ||
|---|---|---|---|
| 2000 | 2,54 | 1,43 | 21,00 |
= Ëmfang; = Duerchmiesser; = Héicht
Biller
- D'Lannenallee um Gréiwelsser Haff am Laf vum Joer
-
Fréijoer (Mäerz 2008)
-
Summer (2008)
-
Hierscht ()
-
Wanter (2024)
Interessantes
- Op de Lanne vun dëser Allee kënnt eng bemierkenswäert héich Zuel vu Flechtenaarte vir, dorënner och e puer seelener. Ënner deene ronn 50 Aarten déi hei festgestallt goufen, ass och eng, déi bis haut nach net vun de Spezialiste konnt identifizéiert ginn.
Kuckt och
Quellen
- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. Tabell S. 247; keng Beschreiwung a keng Foto vun der Allee an dësem Buch).
Um Spaweck
Schabloun:Referenzen an Notten
- ↑ op Broschthéicht gemooss
