Lannen zu Diänjen
Déi véier Lannen zu Diänjen si Sëlwerlannen (Tilia tomentosa, Schabloun:Frtilleul argenté, Schabloun:DeSilber-Linde) déi zu Diänjen an der Gemeng Wëntger stinn an zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéieren.
Lokalisatioun
D'Lanne stinn am Carré ronderëm en aalt Kräiz aus Schifer virum Bauerenhaff Miller Op Katzelt, am südlechen Ausgank vun Diänjen.
Geschicht
Et gëtt erzielt, datt d'Beem 1714 geplanzt goufen (cf Quell 2002).
Den Haff Miller ass nom Pierre Miller genannt, ee vun de fréiere Proprietären. De Pierre Miller war dee leschten aus enger Rei vun aacht Generatiounen a senger Famill deenen dat sougenannt Milleschgutt gehéiert huet, eng Proprietéit zu där och déi sougenannt Diänjer Millen, déi haut net méi besteet, gehéiert huet.
Entwécklung
| Joer | [1] | ||
|---|---|---|---|
| 1958 | 2,70 | ||
| 1980 | 2,80 | 23,00 | |
| 2000 | 0,90 | 25,00 |
= Ëmfang; = Duerchmiesser; = Héicht
Biller
- D'Lannen zu Diänjen am Laf vum Joer
-
Fréijoer ()
-
Summer ()
-
Hierscht ()
-
Wanter ()
Literatur
- Murat, D. & M. Feldtrauer-Molitor (Koordinatioun), 2023. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Editeuren: Administration de la nature et des forêts (ANF) an natur&ëmwelt asbl. ISBN 978-2-9199474-3-0
- Bartimes, Mett et al. Les arbres remarquables 2002. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 2002. Print. ISBN 2-919877-05-4 (cf. S. 130-131, Foto an Text)
- Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 1981. Print. (cf. S. 94-95, Foto an Text)
Um Spaweck
Schabloun:Referenzen an Notten
- Quell vum Artikel wou net anescht uginn: (Les) Arbres remarquables… an der Literatur
- ↑ op Broschthéicht gemooss
