Lann zu Iechternach

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Schabloun:Infobox Bam D'Lann zu Iechternach ass eng Summerlann (Tilia platyphyllos, Schabloun:De Sommerlinde, Schabloun:Fr tilleul à grandes feuilles) déi zu Iechternach nieft der Péitrus a Paulus-Kierch steet. De Bam, deem säin Alter op 120-140 Joer geschat gëtt(Stand: 2023)[1], gehéiert virun allem wéinst der historescher Plaz op där e steet zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.

Lokalisatioun

D'Lann steet an der Rue de la Montagne, bei der aler Parkierch vun der Stad. D'Kierch Saint-Pierre-et-Paul gouf mat den Terraine ronderëm den 28. Dezember 1961 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.[2]

Nieft der Kierch steet en anere Bam, deen zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gezielt gëtt: e Wëlle Käschtebam (Aesculus hippocastanum), mat enger Gréisst vun 19,30 m (ëm 2023 gemooss).

Schabloun:Méi Info 1

Entwécklung vum Bam

De Bam gouf 1976 restauréiert[3].

Ongeféier Moosse vum Bam (m)
Joer U[4] d h
1980[3] 3,25 1,04
≈2000[5] 2,67 0,85 22,00

Kuerzen Historique vun de Bauten um Hiwwel

Well vum Hiwwel aus d'Strooss am Dall, a besonnesch och d'Fuert an d'Fär iwwer d'Sauer liicht konnten iwwerwaacht ginn, gouf et hei schonn zur Réimerzäit eng befestegt Anlag. De Passage iwwer d'Sauer huet zum Kiem gehéiert, dee vun der Schanz op Béibreg gefouert huet.

D'archeologesch Ausgruewungen aus de Joren 1959 bis 1966 hu gewisen, datt do zur Réimerzäit zwou Festungsmauere gebaut goufen: eng éischt ëm 275 an eng zweet ëm 375 n. Chr. No der Christianiséierung ass op där Plaz eng kleng Abtei entstanen, déi d'Irmina vun Oeren dem Willibrord am Joer 698 geschenkt huet.

D'Parkierch gouf am 11. Joerhonnert gebaut, woubäi e véiereckege réimesche Bau als Krypta ëmgebaut gouf.

Quellen

  • J.-M. Sinner et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 136-137, Text a Foto).
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. Tabell S. 102; keng Beschreiwung a keng Foto heiran).
  • Fir den Historique: Panneau (2008) op enger vun de Mauere vun der Péitrus a Paulus-Kierch.
  • Fir d'Monument: P. Kauthen, 1999. Echternach 698-1998: Chronik des Jubiläumsjahres. In: Annuaire de la Ville d'Echternach 1999: 363-403 (Cf. S. 365-370).

Kuckt och

Um Spaweck

Schabloun:Commonscat

Schabloun:Referenzen an Notten

  1. J.-M. Sinner et al., 2002: « …ne sont guère plus âgés que de 100 à 120 ans… »
  2. Schabloun:INPA-DH
  3. 3,0 3,1 Administration des eaux et forêts, 1981
  4. op Broschthéicht gemooss
  5. J.-M. Sinner et al., 2002