Lann zu Baastenduerf

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Schabloun:Infobox Bam Schabloun:Kaartpositioun D'Lann zu Baastenduerf ass eng Lann (Tilia sp., Schabloun:Fr tilleul, Schabloun:De Linde) déi zu Baastenduerf an der Gemeng Tandel steet an déi zënter 1981 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert.

Lokalisatioun

D'Lann steet laanscht d'Haaptstrooss vis-à-vis vun der Baastenduerfer Kierch, op der Plaz déi no hir benannt ass: Bei der Lann.

Geschicht

De geneeën Alter vun der Lann ass net bekannt. Si huet d'Ardennenoffensiv iwwerlieft, duerch déi am Duerf schwéier Schied entstane sinn.

Am ausgehielegte Stamm kann een nei gebilt Wuerzelen (Adventivwuerzelen) erkennen, en Zeechen, datt déi eigentlech Wuerzelen hir Funktioun net méi eleng erfëlle kënnen.

Schonn ufanks der 1970er Jore war de Bam geschwächt. Sou schrouf de Carlo Hemmer (1974):

Mir bangt um die alte Linde am Dorfplatz der Kirche gegenüber. Sie grünt lustlos, treibt nur spärliche Knospen. Zu knauserig hat man ihr das Erdreich bemessen, zu eng den Panzer des Asphalts um den Stamm gezogen. Man sollte hier nach dem Rechten sehen, bevor es zu spät ist, bevor der Platz durch das Sterben des mächtigen, ehrwürdigen Baumes Schönheit und Stimmung verliert.

Kuerz virun 2002 gouf d'Kroun vun der Lann staark zeréckgeschnidden, an duerno huet se sech nees verjéngt. Ëm d'2020er Jore gouf d'Lann nees eng Kéier zeréckgeschnidden.

Entwécklung

Ongeféier Moosse vum Bam (m)
Joer U d h
1980 3,62 1,15
2000 3,96 1,26 19,00
2023

Biller

Kuckt och

Quellen

  • Murat, Danièle et al. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. [3e parution revue et adaptée]. Diekirch: ANF, 2023. Print. ISBN 978-2-9199474-3-0 (cf. S. Xx, Foto an Text)
  • Bartimes, Mett et al. Les arbres remarquables 2002. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 2002. Print. ISBN 2-919877-05-4 (cf. S. 122-123, Foto an Text)
  • Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 1981. Print.
  • Hemmer, Carlo, 1974. Besinnlich-kritisches Luxemburger Wanderbuch. Dréckerei Bourg-Bourger, Lëtzebuerg, 224 S. (Cf. Zitat S. 16).

Um Spaweck

Schabloun:Commonscat

Schabloun:Referenzen an Notten

  • Quell vum Artikel wou net anescht uginn: (Les) Arbres remarquables… an der Literatur