Lann op der Giischterklaus

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Schabloun:Infobox Bam

Déi bemierkenswäert Lann op der Giischterklaus. Lénks d'Kapell vun der Klaus. Riets: d'Klaus.
Hannen um Bild, de Kierfecht an d'Kapell vun der Giischterklaus.

D'Lann op der Giischterklaus ass eng Lann déi an der südlecher Afaart vun der Giischterklaus, an der Sektioun Hénkel vun der Gemeng Rouspert-Mompech steet. Et ass net gewosst ob et eng Summer- (Tilia platyphyllos) oder Wanterlann (Tilia cordata) ass.

Wéinst hirem héijen Alter, deen awer net genee bekannt ass, a virun allem och wéinst der Plaz wou se steet, gëtt se zënter 1981 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gezielt.

Lokalisatioun

D'Lann steet lénks nieft dem Wee dee bei Kapell vun der Uertschaft erop féiert.

Ënner der Lann huet d'Gemeng en Dësch mat zwou Bänken an eng eenzel Bänk installéiert.

Entwécklung vum Bam

Um Enn vun den 2010er Joren ass d'Kroun kräfteg zeréckgeschnidde ginn.

Ongeféier Moosse vum Bam (m)
Joer U d h
1980 1,90 0,60
2000 3,14 1,00 15,00

Wéi en 1981 fir d'éischt op d'Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem gesat gouf, war dës Lann déi 43-déckste Lann zu Lëtzebuerg[1].

Kuckt och

Fotoalbum

Quellen

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. Tabell S. 241. Keng Foto an och keng Beschreiwung heiran).
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. Tabell S. 104, keng Beschreiwung a keng Foto heiran).

Schabloun:Referenzen an Notten

  1. Administration des eaux et forêts, 1981