Kappa

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
De griichesche Buschtaf „Kappa“

De Kappa (griicheschen Neutrum, Majuskel Κ, Minuskel κ oder ϰ) ass den 10. Buschtaf vum griicheschen Alphabet an huet nom milesesche Prinzip e numeresche Wäert vun 20.

Gebrauch vum Kappa

An der Physik gëtt d'Symbol κ fir verschidde physikaldsch Gréisste gebraucht. Et ass op enger Säit d'Formelzeeche fir d'elektresch Leetfäegkeet, fir d'kinematesch Viskositéit an zum aneren d'Formelzeeche vun der Kompressibilitéit. Heiansdo gëtt och d'Formelzeeche fir d'Isentropenexponent κ gebraucht.

D'Mathematik gebraucht d'Symbol fir d'Bezeechnung vun der Krëmmung.

An der Psychologie gëtt d'Symbol fir Cohens Kappa als Mooss vun der Inter-Rater-Koherenz benotzt.

An der Medezin gi bei Monoklonaler Gammopathie (Plasmozytom a Virstufen) d'Paraproteinnen (inkomplett Immunglobulinnen) fir d'Differenzéierung a Miessung a Kappa- a Lambda-Proteinnen agedeelt.

Um Spaweck

Schabloun:Commonscat Schabloun:Navigatioun Griichescht Alphabet