Gläichgewiichtstemperatur

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

D'Gläichgewiichtstemperatur ass déi Temperatur, déi sech no entspriechend laanger Zäit an engem System vum selwen astellt. An der Astronomie sinn d'Gläichgewiichtstemperature vu Gaswolleken a Planéitenuewerfläche wichteg.

Gläichgewiichtstemperatur vun enger Planéitenuewerfläch

Ënner den Hypotheesen, datt

  1. de Planéit keng eegen Energiequell huet,
  2. déi agestraalt Energie nees komplett ofgestraalt gëtt,
  3. d'Atmosphär wéi e schwaarze Kierper straalt an
  4. den Deel η vun der Energie als visuellt Liicht reflektéiert gëtt an net zu enger Erwiermung vun der Planéitenuewerfläch beidroe kann,

da gëllt mat de Bezeechnungen

  1. R fir de Planéiteradius,
  2. d fir d'Distanz vun der Sonn,
  3. T fir d'Temperatur,
  4. σ=5,67108W/(m2K4) fir d'Konstant vum Stefan Boltzmann an
  5. L=Lsun=3,81026J/s d'Liichtkraaft vun der Sonn.

fir déi pro Sekonn absorbéiert Sonnenenergie den Ausdrock

Lin=(1η)πR2L4πd2

Dobäi ass d'Liichtkraaft L vun der Sonn op déi ganz Kugel mat engem Radius d verdeelt. Mat där Dicht hëlt awer déi ganz Planéitenuewerfläch πR2 Energie op. Vun der theoreetesch méiglecher Energie ginn duerch Reflexioun η100% verluer.

Déi ofgestraalt Energie pro Sekonn ass: Lout=4πR2σT4

D'Equatioun fir déi ofgestraalt Leeschtung erfollegt aus dem Produkt vun der Uewerfläch 4πR2 an der Temperatur T a véierter Potenz mat der Proportionalitéitskonstant σ.

D'Gläichgewiichtsbedéngung Lin=Lout gëtt: T=(1η)L16πd2σ4

Fir d'Äerd resultéiert dat mat η=0 am Wäert T=277K, mat η=0,3 an T=255K, observéiert gëtt awer T=288K. Déi méi héich Temperatur ass op den Zäreneffekt zeréckzeféieren. Deen ass besonnesch staark op der Venus, wou déi berechent Temperatur bei 253K, déi vum gemoossene Wäert awer bei 740K läit. En ëmgekéierten Effet ass beim Mars ze fannen, deen eng däitlech méi dënn Atmosphär wéi d'Venus an d'Äerd huet. Do läit déi berechent Temperatur vun 225K e bëssi méi héich wéi déi real observéiert Temperatur 213K.

Literatur

  • H. Nussbaumer, H. M. Schmid: Astronomie. ISBN 3-7281-2910-0

Kuckt och

Schabloun:Kuckt och Portal:Astronomie