Geometrie

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

D'Geometrie ass d'Wëssenschaft déi sech mat de Relatiounen tëscht Längten a Wénkelen am Plang oder am Raum beschäftegt. Et ass eent vun den zwee premoderne mathematesche Gebidder nieft der Léier vun den Zuelen.

Hautdesdaags ass d'Geometrie e méi ëmfangräicht Gebitt ginn. Vill Konzepter an der moderner Mathematik kënnen abstrakt a geometresche Figuren duergestallt ginn, soudatt een heiansdo guer net méi erëmkennt, datt déi nei Geometrie vun de Relatiounen tëscht Längten a Wénkele schwätzt.

Geometresch Relatiounen am Plang

Gesetz vun de Cosinussen

och nach Relation de Pythagore généralisée genannt

 c2=a2+b22abcosγ

Gesetz vun de Sinussen

sinγc=sinβb=sinαa

Gesetz vum Thales

Thales

OAOB=AABB=OAOB

Vektoriell Relatiounen

Produit Scalaire

ABAC=ABACcosα

An engem Cartesiansche Koordinatesystem wou d'Punkten A, B an C respektiv (xA,yA), (xB,yB) an (xC,yC) als Koordinaten hunn, sinn d'Vecteuren AB an AC sou definéiert:
AB=(xBxAyByA)AC=(xCxAyCyA)
ABAC=(xBxA)(xCxA)+(yByA)(yCyA)

Dës Formele sinn einfach an den dräidimensionale Raum ëmzeschreiwen: et brauch ee just eng Koordinat bäizesetze wat dann erméiglegt, aus dem Plang erauszekommen. Am dräidimensionale Raum sinn d'Punkten an d'Vecteuren also duerch dräi Zuelen (hir Koordinaten) definéiert. Dat féiert dann zum Produit Scalaire am Raum:
ABAC=(xBxA)(xCxA)+(yByA)(yCyA)+(zBzA)(zCzA)

Produit Vectoriel

a×b=absinθn

Op dësem Bild kann ee gesinn datt een aus dem zweedimensionale Plang erauskënnt a sech am dräidimensionale Raum beweegt. Dofir ass och dee Vecteur n do deen gläichzäitëg e rechte Wénkel mam Vecteur a a mam Vecteur b
Sief d'Vecteuren a=(a1a2a3)b=(b1b2b3), dann ass a×b=(a2b3a3b2a1b3+a3b1a1b2a2b1)

Rotatiounen

D'Rotatiounsmatricen am dräidimensionale Raum gesi sou aus:

  • Rotatioun ëm d'x-Achs

(1000cosθsinθ0sinθcosθ)

  • Rotatioun ëm d'y-Achs

(cosθ0sinθ010sinθ0cosθ)

  • Rotatioun ëm d'z-Achs

(cosθsinθ0sinθcosθ0001)

Um Spaweck

Schabloun:Commonscat