Erg (Eenheet)

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Erg (Physikalesch Eenheet)
Formelteechen W;A;E;U;Q
Dimensioun 𝖬𝖫𝟤𝖳𝟤
System CGS
SI 1erg=0,1μJ
=0,1106kgm2s2
CGS 1erg=1cm2gs2
ofgeleet vun Dyn, Zentimeter

Den Erg ass eng Moosseenheet vum CGS-Eenheetesystem fir d'Gréissten Aarbecht, Energie a Wäermtquantitéit. D'Eenheetenzeechen ass erg.

1erg=0,1μJ=0,1106J respektiv 1J=1107erg.

Eng Energie huet d'Dimensioun

Energie = Kraaft • Streck
  = Mass • Accelleratioun • Streck
  = Mass • (Streck)²/(Zäit)²

an deemno am cgs-System d'Eenheet

1 erg = 1 g • cm²/s²
  = 1 dyncm.

Den Erg entsprécht der aktueller gesetzlecher Eenheet Joule am SI-Eenheetesystem. En ënnerscheet sech awer ëm een Zuelefacteur (1 erg = 10−7 Joule) a gëtt heiansdo nach an der Mechanik an dacks an der Astrophysik benotzt, och wann en zanter dem 1. Januar 1978 net méi gesetzlech ass.

Kuckt och