Elementarluedung

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Schabloun:SkizzPhysik

D'Elementarluedung, meeschtens mat e bezeechent, ass déi klengst elektresch Luedung, déi fräi existéiert. De Wäert vun dëser physikalescher Naturkonstant läit no der aktueller vum NIST publizéierter CODATA 2018[1]-Recommandatioun bei:

e=1,6021766341019C

woubäi C fir d'Moosseenheet Coulomb steet:

1C=1A1s oder
6,241018 Elementarluedungen.

Zanter 2019 ass de Wäert fir d'Elementarluedung net méi experimentell ze bestëmmen, mä ass op e prezise Wäert festgeluecht.

Experimentell Bestëmmung

De Robert Andrews Millikan huet an deem no no him benannte Versuch fir d'éischt d'Elementarluedung bestëmmt. Heibäi gi mikroskopesch Uelegdrëpsen elektresch opgelueden an dann tëscht zwou Placke vun engem Plackekondensator positionéiert. Tëscht den zwou Placke gëtt en elektrescht Feld ugeluecht an aus dem Verglach vun der Beweegung vun den Uelegdrëpse mat engem an ouni elektrescht Feld (oder aus dem Verglach wann d'elektrescht Feld an opposéiert Richtunge weist), konnt fir d'éischt d'Elementarluedung bestëmmt ginn.

Schabloun:Referenzen