Eech zu Siren

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Schabloun:Infobox Bam D'Eech zu Siren ass eng Summereech (Quercus robur; Schabloun:Fr chêne pédonculé, Schabloun:De Stieleiche) déi zu Siren an der Gemeng Weiler zum Tuer steet an zënter 1981 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert.

Lokalisatioun

D'Eech steet op engem Fielsvirsprong vum Lëtzebuerger Sandsteen am Ausgank vu Siren, Richtung Duelem, iwwer enger Kapell, déi dem hellegen Donatus geweit ass. Tëscht der Kapell an der Strooss stoung fréier e Wäschbuer an déi Plaz ass séngerzäials Quell vun der Sir ugesi ginn.

D'Zesummespill vun enger aler Eech, enger Quell an enger Kapell weist drop hin, datt dëst warscheinlech eng Plaz ass, wou schonn d'Kelten en Hellegtum veréiert hunn. No der Christianiséierung goufen heefeg op sou Plazen e Kräiz, eng Statu vun engem Hellegen oder vun der Muttergottes opgestallt. Sécherlech war dat och zu Siren de Fall.

Entwécklung vum Bam

Den Alter vun der Eech gëtt op ronn 300 Joer geschat(Stand: 2023).

Schonn 1981 gouf festgestallt, datt hire Stamm zum Deel ausgehielegt war.

Ongeféier Moosse vum Bam (m)
Joer U[1] d h
1980 4,60 1,46 0,00
2000 5,09 1,62 15,00
2023 5,06 1,61 12,50

U = Ëmfang; d = Duerchmiesser; h = Héicht

Kuckt och

Biller

Quellen a Literatur

  • Murat, D. & M. Feldtrauer-Molitor (Koordinatioun), 2023. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Editeuren: Administration de la nature et des forêts (ANF) an natur&ëmwelt asbl. ISBN 978-2-9199474-3-0 (cf. S. 212-213, Foto an Text).
  • Bartimes, Mett et al. Les arbres remarquables 2002. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 2002. Print. ISBN 2-919877-05-4 (cf. S. 22-23, Foto an Text)
  • Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 1981. Print. (cf. S. 22-23, Foto an Text)

Um Spaweck

Schabloun:Commonscat

Schabloun:Referenzen an Notten

  1. op Broschthéicht gemooss